Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  George Riley - Running In Waves

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Mënsch, dee psychesch evoluéiert

Thanya Iyer - KIND

Ee Mënsch, dee psychesch evoluéiert

Op hirem neien Album "KIND" schwätzt d'Thanya Iyer unhand vu Mantraen an enger poetescher Sprooch Theme wéi kulturell Identitéit a mental Gesondheet un.

auto_stories

3 min

D'Kanadierin schaaft eng meditativ a verspillte Klangtapéit wou Pop, Jazz, Folk an hir süd-indesch Originnen organesch cohabitéieren. Iwwer d'Joren huet d'Thanya Iyer sech selwer an hirer Musek erëmfonnt, ee Wee entdeckt hir kulturell Ierfschaften ze verbannen.

Dat ganzt Gespréich mat der Thanya Iyer lauschterenplay_arrow

Hir Musek géif awer net komplett dat ausdrécken, wat se bedeit oder wéi süd-indesch Musek kléngt, mengt d'Kanadierin. An de leschte Méint hätt si ëmmer méi geléiert, wie si ass, a wéi dat kéint zesummepassen.

Wéi si méi jonk war, hätt méi kloer tëschent klassescher a süd-indescher Gei ënnerscheet, an dat wier zimmlech konfus ginn. "Et ass schéin elo kënnen ze gesinn, wéi alles zesummefléisst."

Dee koherente musikalesche Mélange huet villes der spezieller Dynamik tëscht de Museker ze verdanken. De Kär vum Grupp ass en Trio. D'Thanya Iyer um Gesang, op der Gei an op Tasteninstrumenter déi vum Bassist Pompy a Batteur Daniel begleet gëtt.

Zesumme kommunizéieren

Allebéid kéinten immens kreativ improviséieren, zielt d'Thanya Iyer. Meeschtens géifen et net vill Richtlinne ginn, mee op hirem neien Album hätt si eng méi Konkret Visioun gehat.

"D'Gaaschtmuseker déi ech invitéiere wollt, d'Kläng déi ech héiere wollt, mee d'Arrangementer hu mer iwwert d'Joren, iwwert all de Concerten developpéiert. Et war schéin sech zesumme weiderentwéckelen ze kënnen. Mir kommunizéiere gutt mateneen."

Der Thanya Iyer hir Lidder droen Titele wéi "Bréng dat zeréck, wat dir gutt deet" oder "Ech vergiesse Waasser ze drénken", a "(Balance)". Hanner dëse Platitudë stécht awer méi wéi en direkte Message. Et erlieft een um Album "KIND", wéi ee Mënsch psychesch evoluéiert.

Waasser ass Leitmotiv

Dobäi léisst d'Musekerin vill Fräiraum fir Interpretatioun. "Waasser" schéngt op alle Fall e bëssen e Leitmotiv ze sinn. Fir verschidde Leit géif dat eppes Elementares fir d'Liewe bedeiten. An engem anere Kontext kéint et eppes sinn, wat engem seng Perspektiv ännert, een iwwerfuerdert oder erstéckt.

"Waasser ka ganz vill Facetten unhuelen. Liewe ginn a Liewen huelen. An et ass och einfach eppes, wat ech wierklech vergiessen ze drénken am Alldag."