Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Toro Y Moi - Still Sound

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Klang, wéi aus engem Goss

Working Men's Club - Working Men's Club

Ee Klang, wéi aus engem Goss

Mat enger schaarfer Attack loossen déi jonk Nordenglänner vu Working Men's Club op hirem Debutalbum näischt ubrennen.

auto_stories

4 min

Foto: Rosie Butcher

Working Men's Club fänken hiren Debutalbum e bëssen esou u wéi New Order zu hirer Zäit mat hirem Hit "Blue Monday". Mat enger Drummachine, déi sech net verstoppt, an enger einfach programméierter Roland 303-Basslinn.

Wann de Song bis Croisièresvitess erreecht huet, ass do net vill méi, een eenzege Lead-Synth an e puer Stabs komme bäi, wéi aus enger 90er Joren House-Produktioun. Mee wat de Stee wierklech un d'Rulle bréngt, ass dem Sydney Minsky Sergeant seng Stëmm, vun där een am Ufank net weess, wat se esou poignant mécht, kënnt se dach ouni vill Nuancen aus enger Aart klenger Verzerrerkëscht.

Eng nei Formatioun

Et ass dësen 18-järege Museker aus dem Weste vum Yorkshire, ronderëm dee Working Men's Club sech kristalliséiert huet, mat fir dësen Debut schonn enger kompletter Refonte vum Lineup. Déi Leit, mat deenen de Minsky Sergeant déi éischt Inspiratioun fir de Projet geschöpft hat an en als Rock-Formatioun opgebaut hat, den Jake Bogacki op den Drums an d'Giulia Bonometti op der Gittar, hunn de Projet virun den Opname verlooss.

D'Geleeënheet eng Debut-Plack opzehuele léisst een awer net esou einfach goen, a wärend dem Frontmann seng Demoen ëmmer méi elektronesch goufen, huet och déi nei Band sech ronderëm fonnt, fir ganz neie Konfiguratioune Plaz ze maachen.

Eng tight an originell Produktioun

D'Drummachine programméiert a start de Sänger, deen och e puer vun de Synthesizer spillt. De Liam Ogburn ass op der Bass och net ëmmer ouni synthetesch Effekt-Ënnerstëtzung ënnerwee, wat erfrëschend kléngt. Gittar gëtt et vum Rob Graham, genee wéi méi Synths, an d'Mairead O'Connor steiert nach Synths, Gittar an och Hannergrondstëmme bäi.

Dat Ganzt ergëtt eng tight an originell Produktioun vum Ross Orton, iwwregens den Drummer vun der legendärer Scheffield-Ekektronik-Band Add N to X, minimal en Espace gesat. Liewen deet dat Ganzt vun engem Groove, deen trotz maschinelle Beats vill Stëmmungen ofdeckt, wéi de Mid Tempo Chug am fantasteschen John Cooper Clarke, dat mat einfachem Spriechgesang an e puer Synthies-Riffs auskënnt. De Minsky-Sargent erënnert dacks e bëssen un dee fréi verluerene Syd Barrett. Batterséiss, einfach, poignant entwéckelt sech de Song zu engem 80er Jore Synthpop-Song, wéi et se ni goufen.

D'Sounds vun de Synthesizer si mat vill Goût faarflech ofgestëmmt a variéiere wéineg vu Song zu Song, wat ee Klang wéi aus engem Goss garantéiert. Flott Post-Punk-Influenze bestëmmen d'Gittaren, déi vill an d'Songs erabréngen.

Working Man's Club, benannt no enger Aarbechterversioun vun de sougenannten Gentlemen's Clubs, déi am 19. Joerhonnert dat brittescht soziaalt Liewen dominéiert hunn, brauche keng grouss Mëttelen opzefueren a päifen op Ornamenter. D'Denken an der Dauer an dat groussaartegt Notze vu widderhollte Sequenzen erënnert hei e bëssen um James Murphy vun LCD Soundsystem seng Hand.

Häpperchersweis ze genéissen

Dëst ass eng jonk Band, mee si fält net an d'Fal alles gläichzäiteg maachen ze wëllen. Wann iwwerhaapt, si Working Men's Club op hirem Debut bal e bëssen ze vill ëm Konsequenz beméit, a wann ee bei dem exzellenten, vu Bowie-eske Gittaren heemgesichtenen "Teeth" ukënnt, kann een e bëssen d'Gefill kréien, et hätt ee grad eng Dose verschidde Versioune vu "Warm Leatherette" héieren.

Och déi deels sardonesch Texter, witzeg a gutt, wéi se sinn, funktionéieren net grad an dëser Quantitéit an Dauer. An Absence vun engem Ouerebotzer a Form un engem méi atmosphäreschen Titel ass "Working Men's Club" häpperchersweis am flottsten ze genéissen a fir ee rotzfrechen Energieschub ass hei alles gëeegent.

Och wann eng e bëssen zweeschneideg Uniformitéit dësen Debut iwwerméisseg kompakt erschénge léisst, esou fléisst en dach och wéi hallef rosenen, dreiwende Pop-Punk op Synthesizer an eng Spuer, an där ee matfuere wëllt.

E bësse vun der momentaner irescher Post-Punk Energie fënnt sech hei dran, e bësse wéi wa Fontaines DC sech géifen an een elektronesche Corset paken, dee sech ganz labber droe léisst. Energie, Eleganz a Frëschheet, maachen dës Plack zu engem einfache Repeat um Plackenteller, dee frësche Wand an déi rezenterweis e bësse brav elektronesch Zeen erabréngt.