Gelongen Evolutioun E staarke Moment fir Django Django

Eisen Albumm vun der Woch kënnt dës Kéier vun engem Quartett, dee sech virun zwielef Joer zu London gegrënnt huet, an deem säin Numm absolut näischt mam berüümten Jazz-Gittarist Django Reinhard ze dinn huet.

Marc Clement / cz

django django
Foto: Django Django

Django Django sinn eng batteriegedriwwe Band. Op hirer neier Plack "Glowing In the Dark" muss een net laang sichen, fir de Jazz ze fannen, mee en ass net op all Song. Den Dave MacLean, Jong vun enger schottescher Kënschtlerkoppel a Brudder vun engem Filmregisseur trommelt net nemme, mee produzéiert Django Django och. Dem Mann wees ganz genee, wéini eng Drum Machine besser passt, oder och - Seltenheet - wéi een déi zwee schwéier vereenbar Instrumenter matenee verbënnt.

Glowing In the Dark, dem brittesche Quartett seng véiert Studioplack, fänkt mat Deckelen un, déi klénge wéi wa Kaarte gemëscht ginn, fir dann an een ëmmer erëm vun iwwerraschend placéierten Touchen ënnerbrachene Beat iwwerzegoen, deen een dann net méi lassléisst. De Song transportéiert een no uewe mat enger Aart kontrolléierter Euphorie, wéi eng Rakéit déi start, mat Gravitas an erstaunlecher Liichtegkeet zugläich.

Crossing the line that divides us: den Djangos hir Flucht féiert net a realitéitsfriem Spären, mee op eng Platz vu virsiichtegem Optimismus, wou Differenze kënne bäigeluecht ginn. Mir héiere psychedelic Pop vum Feinsten, mat e puer Tricken, déi op onerwaarte Plaze geléint sinn: eng Glack punktuéiert de Refrain, wéi bei den Herman's Hermits oder 60s Motown Schlager, d'Bass groovt ouni opzehale mat dramateschen Oktavspréng a wieft d'Spiralen, déi den Titel suggeréiert, et gëtt ee Gittarsolo, a stëmmlech Reminiszenzen un den Eric Wolffson vum Alan Parsons Project.

Psychedelesche Pop ugehaucht vun 80er-Wave

Um drëtten Track gesellt sech bei dem Vincent Neff seng ofgekläerte Stëmm den duussen Hauch vun der Charlotte Gainsbourg, där hei wéi iwwerall schwéier ze widderstoen ass. Am Häerz vun der Plack dréint "Free from Gravity" an eng elektronesch Kéier eran, zitéiert den Indie-Pop-Rave vun Hot Chip, déi iwwregens och ee Remix vum Titeltrack bei de Single-Sammelsurium ronderëm d'Plack bäigedroen hunn. Alles wat een hei héiert, kann een ouni ze zécken als psychedelesche Pop erkennen, an dach ass d'Stëmmung éischter 80er an e wéineg Wave-ugehaucht, eng Kombinatioun déi markant an eenzegaarteg bleift, an dach genuch Raum fir interessant Eskapade léisst, wéi op deem ganz instrumentalen a batteriegedriwwenen "The Ark".

Glowing in the Dark gouf virun de Lockdowns opgeholl, am Januar 2020, wéi vill gréisser Produktiounen, déi am Moment erauskommen. Eng gewësse Virintuitioun vun der Kris wieft sech allerdéngs duerch d'Plack, déi déi alarmant Bizzarerie vun engem eidelen Dancefloor verkierpert wéi keng aner, oder vläicht ass dat eng Aart Illusioun. "The World Will Turn" ass hei ee Paradebeispill, an zanter de Byrds weess jiddwereen, datt d'Welt op d'Téin vu grasgringen an esouguer e bësse lagerfeieresche Folk-Weisen em hir Achs dréint. Den Titeltrack allerdéngs moolt am Kapp eng eidel Disco.

Den Album ass en Deel vun enger opreegender Evolutioun

Glowing in the Dark ass ee staarke Moment fir Django, eng Plack op där déi oft e bësse pokerfaced a liichtgewiichteg Nordmänner aus Schottland, Nordengland an Nordirland zu neien Déifte virdréngen, ouni hire Sound iwwer Bord ze geheien. Am Géigendeel, dat heiten ass zolidd an opreegend Evolutioun vun enger Band, bei där een éischter Identitéitskrisen erwaart hat. Hei gi Fiedem zesummebruecht, net ausernee gesprengt, an d'Resultat ass, wéi d'Englänner soen, e Grower.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

Black Country New Road
Black Country, New Road - For The First Time

Black Country, New Road ass ouni Zweiwel d'Band vun der Stonn a liwwert elo mat "For The First Time" een impressionanten Debutalbum. D'Musek, déi Post-Punk, Klezmer a Free Jazz fusionéiert, ass konstant onberechenbar.

Eddie Kendricks - My People... Hold On
Sample vun der Woch

1972 huet Eddie Kendricks dat heiten Lidd erausbruecht: "My People... Hold On". Als Sample-Detektiv erzielt de Bobby Bieles d'Geschicht vum Lidd a wou een d'Bestanddeeler erëmfanne kann.

Programm

Net verpassen

  • De radio 100,7 sicht Redakteren/Animateuren

    radio 100,7

    De radio 100,7 sicht fir seng Magasinn-Redaktioun 1 Redakter/Animateur (m/w) 20 St/W (CDD 1 Joer)
    an 1 Redakter/Animateur (m/w) 40 St/W (CDI) fir direkt ze engagéieren.

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen