Radioen

On air

Tockcity  |  Bob Vylan - Makes Me Violent

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E gelongene Positionnement

Musek

E gelongene Positionnement

Den Orchestre de Chambre du Luxembourg - kuerz OCL - stellt sech méi breet op. Bei enger Pressekonferenz, bei där een eigentlech dovun hätt kéinten ausgoen, datt an éischter Linn de Contenu vun de Concerten an deenen nächste Méint am Mëttelpunkt steet, huet den Orchester iwwer eng Partnerschaft mat der Stad Lëtzebuerg informéiert. Zousätzlech huet e mat sengen Optrëtter a verschiddene regionale Kulturzentren seng Engagementer ausserhalb der Stad betount. Dëst als komplett Neiausriichtung ze beschreiwen, géif ze wäit féieren, an awer kann ee vun engem däitlechen an och gelongene Positionnement an der Orchesterlandschaft zu Lëtzebuerg schwätzen, mengt de Luc Boentges.

auto_stories

3 min

Simon: Wéi eng Bedeitung huet dës Partnerschaft mat der Stad Lëtzebuerg an dengen Aen?

Luc: Eng zimlech grouss, an éischter Linn emol fir den Orchester selwer, well en duerch déi elo iwwer 300.000 Euro méi an der Keess huet, an domat och méi Projete realiséiere kann. Wéi den OCL betount, sinn dës Sue kee Subside, mä et gi ganz kloer Géigeleeschtungen definéiert déi den Orchester ze liwweren huet. Da si pädagogesch Projeten geplangt, Engagementer an den Theatere vu Lëtzebuerg wou en Operen an Danzvirstellunge begleet, Optrëtter op ëffentleche Plazen an och mam Stater Conservatoire schafft den OCL elo méi enk zesummen.

Mä fir et kuerz ze faassen, fir datt en Orchester bestoe kann, brauch e Suen fir säi Fonktionnement ze finanzéieren an Optrëtter, a vu béidem huet den OCL elo méi, deementspriechend grouss ass d'Bedeitung vun dëser Partnerschaft fir den Orchester.

Du schwätz och vun engem Positionnement an der Orchesterlandschaft zu Lëtzebuerg, wéi ass dat ze verstoen?

Ma zu Lëtzebuerg ass d'Situatioun déi Folgend: Et ginn eng ganz Rei Orchesteren an Ensembelen, déi vum Stad matfinanzéiert ginn. Ënnert anerem hu mir mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ee groussen professionellen Sinfonieorchester. Professionell an deem Sënn, datt d'Musekerinnen an d'Museker Haaptberufflech am Ensembel spillen.

Dann hu mer mat der Militärmusek eng professionell Harmonie, den Ensembel fir Nei Musek United Instruments of Lucilin, dee sech an Zukunft och an d'Richtung vun der Professionaliséiereung beweegt an et gëtt den nationale Jugendorchester - den ONJ. Dat ass allerdéngs kee permanenten Ensembel, mä dee schafft a Form vu Projeten. Esou wäit huet all Orchester an Ensembel säi Feld op deem e sech beweegt, a wou en och kengem aneren op d'Féiss trëppelt. Wat de Beräich vum Kammerochester ugeet, hu mer zwee Ensembelen, déi um selweschten Terrain ënnerwee sinn: den Orchestre de Chambre du Luxembourg, an d'Solistes Européens, Luxembourg. Allebéid hunn eng änlech Besetzung, beweege sech am selweschte Repertoire a spillen och regelméisseg an der Philharmonie.

Dat heescht do gëtt et e Spannungsverhältnis?

Jo. Allenzwee kréie Suen aus dem selweschten Dëppen, an och wann et ëffentlech ni wierklech vu béide Säite betount gëtt, stinn dës zwee Orchesteren zum Deel a Konkurrenz. An dat geet souguer esou wäit, datt een an der Zeen geleeëntlech och d'Fro héiert, ob ee wierklech béid Orchestere bräicht, oder ob een net ëmdenke misst.

An am Kontext vun dësem Spannungsverhältnis, verstees du d'Ausriichtung vum OCL als e Positionnement?

Jo, et kann een dës Ausriichtung souguer als däitlech Äntwert op dëst Spannungsverhältnis interpretéieren. Den OCL liwwert eng ganz Rei Argumenter op villen Niveauen, fir och an Zukunft net méi aus der Orchesterlandschaft ewesch ze denken ze sinn. E betount datt en e Kammerorchester ass a bleift - domat grenzt e sech däitlech vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg of - an e konzentréiert sech net just op d'Philharmonie, mä e geet raus an déi regional Kulturzentren. Da wëll den Orchester d'Bild vu Lëtzebuerg och no bausse vertrieden, andeems e sech an der Groussrégioun breet mécht, a mat der Partnerschaft mat der Stad Lëtzebuerg ass dem OCL e weidere Coup gelongen. Wat Lëtzebuerg bei all sengen Orchesteren an Ensembelen nämlech net huet, ass en Theaterorchester - e Rôle deen den OCL elo zum Deel mat iwwerhëlt andeems e mat den Theateren vun der Stad Lëtzebuerg cooperéiert.

Dës Ausriichtung kann een als e "Verwiewen" verstoen. E Verwiewen mat der Stad Lëtzebuerg, mam Land selwer an och mat der Groussregioun. A menger Meenung steet dës Entwécklung net fir sech, mä se ass als Positionnement an der Orchesterlandschaft ze verstoen, en a mengen Ae gelongent Positionnement. A vun all dëse strategeschen Interpretatiounen ofgesinn dierf een eppes net vergiessen - vun dëser breeder kultureller Offer profitéiert an éischter Linn de Publikum.