D'Potenzial vun dësem Secteur wier grouss, esou nach d'Kulturministerin Sam Tanson bei de Rock-Pop-an-Elektro Assisen. Déi zwou Table Rondes hunn déi verschiddenst Acteuren zesummebruecht. Museker, déi hir eege Managemenetstrukture grënnen oder eng Gesangsschoul bedreiwen, Manager vu Bühnen, Bookere bei Promoteuren, een Tountechniker a Produzent, ee jonke Manager, Leit déi spezialiséiert Medientranchë gestalten.
Zentral Punkten, déi aus der Diskussioun ervirgaange sinn, waren zum Beispill de Wonsch no enger Ausweidung vum Intermittents-Gesetz op auxiliär Beruffer wéi Manager, Organisateuren oder Techniker, där d'Ministerin positiv géigeniwwer steet. Dat ass besonnesch dowéinst nëtzlech, well sech déi Beruffer zu Lëtzebuerg an hirer Experimentéierphas befannen, mee hir Presenz hei erëm aner Verbindungen zum internationale Museksbusiness géif opmaachen. D'Méiglechkeet, och engem privaten, also professionaliséierte Betrib staatlechen Hëllefen zouzespriechen, wann e gemengnëtzeg Projetee matdréit, gouf och diskutéiert, verlaangt awer nach no Upassungen um legale Kader.
Ënnerstëtzung an Opbau vu Kompetenz
Vill vun den Intervenanten hunn och virun enger Iwwerprofessionalisatioun duerch déi ëffentlech Hand gewarnt, an drop higewisen, datt et kleng Büne sinn, op deene grouss Projeten hir Marque maachen. Et besteet awer keen Zweiwel drun, datt Amateuren och matënnerstëtzt solle ginn.
"Am Museksberäich wier dat warscheinlech nach méi komplizéiert wéi an deenen anere Konschtberäicher zu Lëtzebuerg, well mir och vill Professioneller hunn, déi deels kreativ an deels z.B. am Enseignement ënnerwee sinn, an do kënne mer déi Linn net esou streng zéien. Mir kucke schonn, datt mir et besser valoriséieren, wann d'Leit reng vun der Musek liewen, mee fir datt ee kann de Sprong maache ginn et och Leit déi Hallefzäit schaffen an Hallefzäit hirer Musek noginn, esou datt mir och déi Leit mat ënnerstëtzen. Dat heescht net, datt mir net an der Perspektiv schaffen, esou vill wéi méiglech Professioneller ze hunn."
Sensibiliséierungsaarbecht an der Schoul
Besonnesch a Coronazäite sinn déi éischt Knospe vun enger Professionalisatioun a relativ nei Beruffsbiller a Gefor sinn. D'Kulturministerin wéilt an Zukunft de Beräich "ronderëm de Kënschtler" ënnerstëtzen. Zousätzlech misste Kompetenzen am Managerberäich an am Promotiounsberäich ausgeabut ginn, eventuell kéint een hei op Erfarungswäerter am Ausland zeréckgräifen. Wat och een Impakt kéint hunn, wier der Sam Tanson no "wann een och an der Schoul schonns drop opmierksam mécht, datt Kreatioun net just de Kënschtlerberuff ass mee och vill Beruffer, déi do ronderëm nach existéieren."