Radioen

On air

Resonanzen  |  Claude Debussy - 12 Études, livre II, L. 136, XI. Pour les sonorités opposées. Modéré, sans lent - Joseph Moog (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Down by the Salley Gardens mam INECC-, an 100,7-Online-Chouer

Online-Chouer

Down by the Salley Gardens mam INECC-, an 100,7-Online-Chouer

Déi drëtt Editioun vum Online-Chouer vum INECC a vum radio 100,7 ass ofgeschloss. De Jeff Mack dirigéiert d'Sängerinnen a Sänger mat engem eegenen Arrangement vun "Down by the Salley Gardens".

auto_stories

2 min

Fir déi drëtt Editioun vum Lëtzebuerger Online-Chouer huet den Dirigent Jeff Mack en eegent Arrangement vum Lidd "Down by the Salley Gardens" proposéiert. No engem Opruff vum INECC a vum radio 100,7 hu sech ronn 30 Sängerinnen a Sänger fir dëse Projet gemellt an hir Videoen erageschéckt.

"Bal, wéi wann ee géif virun engem richtege Chouer stoen"

De Jeff Mack wier am Ufank ganz skeptesch gewiescht, wéi esou en Online-Chouer kéint kléngen. D'Resultat wier awer bal, wéi wann ee virun engem richtege Chouer géif stoen, seet den Dirigent. Fir de Projet ze realiséieren huet hie sech beim Dirigéiere gefilmt an déi eenzel Stëmmen opgeholl. Zesumme mat der Partitur gouf dëst dunn un d'Participante geschéckt, déi synchron mam Dirigéier-Video gesongen a sech dobäi gefilmt hunn. An deem Sënn huet de Jeff Mack de Chouer dirigéiert, éier en iwwerhaapt existéiert huet. Trotzdeem hunn hien d'Sängerinnen an d'Sänger gutt suivéiert.

"[De Chouer] huet plus minus dat gemaach, wat ech gewisen hunn. An dat ouni Explikatiounen!"

Jeff Mack

Down by the Salley Gardens

D'Lidd wier eent, dat engem zu Häerz géif goen, an dat engem ëmmer erëm am Kapp géif bleiwen, seet de Jeff Mack. Op senge Concerten hätt hien et well e puermol gesongen, a wéi hien op den Online-Chouer ugeschwat gi wier, hätt hien direkt doru geduecht. Am Ufank hätt hien net wëlles gehat en eegent Arrangement ze schreiwen. Mee well hie keent fonnt hätt, dat him vun der Dispositioun vun de Stëmmen oder vum Arrangement hier gefall hätt, hätt hie spontan decidéiert eng eege Versioun fir den Online-Chouer ze schreiwen.