Radioen

On air

Resonanzen  |  Yann Tiersen - L'après midi, aus 'Le fabuleux destin d'Amélie Poulain' (Filmmusek) - Anna Scheps (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Diana Ross - Love Hangover

Sample vun der Woch

Diana Ross - Love Hangover

1976 ass dëst Lidd hei erauskomm : "Love Hangover" vun der Diana Ross. Si trëtt hei offensichtlech fir d'Ermächtegung vun de Fraen an. Gesampelt gouf d'Lidd ënner anerem vu Bone Thugs-n-Harmony a vun Geto Boys.

auto_stories

3 min

1976 ass dëst Lidd hei erauskomm: "Love Hangover" vun der Diana Ross. Si ass eng vun deenen erfollegräichsten Artisten iwwerhaapt an hat scho méi wei 70 Lidder an den Charts, dovun 12 Nummer 1 Hits an den USA, notamment dat heite Lidd.

Si kënnt aus der golden Era vum Label Motown a war e Member vun der Grupp "Supremes" a 60 Joren. Fir dëst Lidd opzehuelen huet si anscheinend drop bestanen e Stroboskop am Opnamstudio ze hu fir richteg an den Disko-Feeling eranzekommen.

D'Lidd fänkt mat engem verféieresche luesen Tempo un an hält an enger epescher Disko-Hymne op. Déi onbesuergt Approche vun der Ross huet zum Succès vum Lidd bäigedroen. D'Diano Ross trëtt hei offensichtlech fir d'Ermächtegung vun de Fraen an.

Et sinn etlech Remixen a Reinterpretatioune vun dësem Lidd erauskomm, d'Lidd ass och um Soundtrack vum Film "Paris is Burnung". D'Diana Ross hat souguer en Optrëtt bei an der Muppets-Show mat dësem Lidd, mee mir schwätzen haut iwwer en anere Genre, an zwar de Gangsta-Rap vu Bone Thugs-n-Harmony.

Si hunn dem Ross säi Lidd gesampelt fir "Ready 4 War" doraus ze maachen. Dat war op hirem drëtten Album "The Art Of War". Bone Thugs-n-Harmony kommen aus Cleveland an hate massiv vill Hits Ufank vun den 90. Joren. Hire ganzen Album ass produzéiert vum DJ Uneek.

Et war en kommerziell erfollegräichen duebelen Album, deen awer definitiv ze laang war. Hiere rasanten Erfolleg huet zu interne Konflikter gefouert, sou datt si sech kuerz Zäit duerno getrennt hunn. Den Sujet vun hirem Lidd huet lo net sou vill mam Original ze dinn, net sou wei dat nächst Beispill.

Mir schätzen elo vum Lidd "The Other Level" vun der Grupp Geto Boys. De Rapper Bushwick Bill dréint hei definitiv de Message vun der Diana Ross ëm an schreift e ganz fraefeindlechen Text. Dat huet dann och dozou gefouert, datt hin genau sou wei de Rapper Ice-T oder d'Grupp 2 Live Crew vu sengem Label zenséiert ginn ass.

Dat war natierlech eng enorm Pub fir hien. D'heto Boys sinn deelweis verantwortlech fir d'Grënnung vum Gansta-Rap an dem Horrorcore-Genre. Si schwätze gréissten Deels iwwer Gewalt, mentale Breakdown oder Selbstmordgedanken. Dat war op hirem zweeten Album "We Can't Be Stopped" vun 1991 ze fannen.

Dat nächst Beispill ass och definitiv kee Libeslidd, an zwar "Gansta Bitch" vum Rapper Master P. Feat. Steady Mobb'n & Mo B. Dick. Dat war ze fannen op sengem Album "MP The Last Don" vun 1998.

Hien huet dat natierlech op sengem eegene Label No Limits Records erausbruecht. De Masta P ass nämlech dofir bekannt e ganzen Underground Imperium opgebaut ze hunn, ouni jeemools bei enger Major ënnerschriwwen ze hunn. Hien ass mat onendlech vill Artisten op sengem Label zu engem Multimillionär ginn. Hien ass definitiv e Business-Model fir ville vu sengen Nofollger ginn.

Lo awer ganz um Enn nach eng Kënschtlerin, déi der Diana Ross hire feministesche Message trei iwwerhëlt. Et geet hei ëm d'Monica mat "The First Night". Dat war e Lidd vun hirem zweeten Album "The Boy is Mine", deen 1998 erauskomm ass. D'Produktioun ass vun Jermaine Dupri an dat Ganzt ass op Soso Def erauskomm.