Radioen

On air

Notturno  |  Ninajirachi - Things I Never Nu

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dennis Edwards & Siedah Garrett - Don't Look Any Further

Sample vun der Woch

Dennis Edwards & Siedah Garrett - Don't Look Any Further

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

De Soul an R&B Sänger Dennis Edwards ass 1943 zu Alabama gebuer. Als Kand huet hie mat Gospel ugefaangen, seng Jugend zu Detroit verbruecht. Hie krut eng strikt reliéis Erzéiung. 1967 huet hie bei Motown ënnerschriwwen an hat verschidde kleng Gruppen ouni grousse Succès. Den Erfolleg kënnt eréischt mat den Temptations vun 1968 un, wou hien den original Lead-Sänger David Ruffin ersetzt. Mam Dennis Edwards haten d'Temptations Hits wéi zum Beispill "Papa Was a Rollin' Stone" wärend de 70er an Ufank 80er.

Hie verléisst d'Temptations dräimol a kënnt ëmmer nees mat hinnen zesummen - et ass e bëssen eng Haassléift-Bezéiung. Wärend eng vun deene Phasen, wou hien eleng ass, probéiert hien eng Solo-Karriär bei Motown. "Don't Look Any Further" vun 1984 war säi gréissten Hit als Solo-Artist. Ursprénglech war den Duo fir d'Chaka Khan geschriwwen, mee hien huet sech esou gutt mat der Siedah Garrett verstanen, datt hie si zeréckbehalen huet. D'Simplicitéit vun der Bassline ass meeschterhaft vum Paul Jackson Jr. komponéiert. Den extreem Amateur-Video op engem Backdrop vu Los Angeles mécht d'Lidd nach méi sympathesch.

D'Bassline gouf a méi wéi 70 Lidder gesampelt, ënner anerem fir Eric B. & Rakim "Paid In Full" vun 1987. Si waren dee bekanntsten Duo aus der Hip-Hop Golden Age Ära an et ass ee vun de beschte Lidder vun hirem meeschterhaften zweeten Album, deen nach méi intensiv a komplex wéi hiren éischten ass. Dem Rakim seng Reime sinn esou dicht, datt hie bal all Rapper no him mat dësem Lidd beaflosst huet. De Sample ass am Loop geholl an Eric B huet hei just nei Drums doriwwer geluecht.

"Paid In Full" gouf remixeiert vun der englescher Grupp Coldcut. "Coldcut's Seven Minutes of Madness Remix" ass an England méi bekannt wéi den Original.

Snoop Dogg huet de Sample och benotzt fir säi "Paper'd Up" (Feat. Kokane and Traci Nelson). D'Lidd war op sengem sechsten Album "Paid tha Cost to Be da Boss", deen 2002 erauskoum. D'Produktioun ass vu Fredwreck, an se koum bei Capitol Records eraus. Dat war direkt no senger "No Limit" an "Aftermath Records" Period.

2Pac huet de Sample och benotzt fir säin "Hit 'Em Up" (Feat. The Outlawz). Dat war d'B-Säit vu senger "How Do U Want It" EP vun 1996. Et ass e brutalen Disstrack géint verschidden Eastcoast Rapper, déi all seng Rivalen deemools waren. Haaptsächlech den Notorious BIG a säin Entourage, dat heescht Puff Daddy, Lil Kim an all déi aner. D'Lidd ass verantwortlech fir den deemolege Krich tëschent New York an LA ze intensivéieren, a verschidde Leit soen, ouni dëst Lidd wier et och warscheinlech net zum Mord vum Biggie komm.

Als lescht Beispill ee méi aktuellt Lidd. The Musalini aka Moose sampelt hei Dennis Edwards fir säin "No Further" (feat. O Finess). Dat war op senger "More Plays" EP, déi virun e puer Méint erauskoum. Moose ass en jonke Rapper vun New York. Hie bréngt nach eng Kéier frësche Wand an dee bal 40 Joer ale Sample eran.