Radioen

On air

Notturno  |  Chilly Gonzales - Knight Moves

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deniece Williams - Free

Sample vun der Woch

Deniece Williams - Free

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

Dem Deniece Williams seng véier-Oktaven-Sopranstëmm huet si zu engem vun de markantsten Talenter vun der Soul-Ära gemaach. Obwuel si hiren Debut am Joer 1968 gemaach huet, war et net bis an de 70er, datt d'Williams sech wierklech etabléiert huet, fir d'éischt als Deel vum Stevie Wonder sengem Wonderlove, duerno als Songwriter, a schliisslech als erfollegräich Solo-Kënschtlerin.

"This Is Niecy", hiren Debutalbum, krut Gold a war domadder e Start fir eng dauerhaft Karriär. D'Williams ass 1951 zu Indiana gebuer. Si ass mam Gospel-Chouer opgewuess, an deem och hir Eltere gesong hunn. Als Teenager huet si e puer Placken opgeholl, mee ouni groussen Erfolleg. Duerch hire Cousin huet d'Williams de Stevie Wonder hanner der Bün op engem Concert begéint. Dëst huet zu enger Auditioun gefouert an hirem Bäitrëtt zur Grupp Wonderlove,d'Hannergrond-Vocaliste vum Stevie Wonder.

D'Williams huet dräi Joer laang mam Motown-Kënschtler opgeholl, zum Beispill war si bei Sessioune fir "Talking Book", "Fulfillingness First Finale", a "Songs in the Key of Life" dobäi, mee awer och bei Opname vum Syreeta a Minnie Riperton. Wärend dëser Zäit huet d'Williams bei ville Background-Vocals bäigedroen, zum Beispill beim Don Everly oder Roberta Flack. Si huet och Material fir de Soul Train geschriwwen, wei zum Beispill "Baby Open the Door". 1976 huet d'Williams dann hiren éischte Solo-Album um Columbia Label erausbruecht, "This Is Niecy". Si ass co-produzéiert gi vum Maurice White, dem Band Leader vun Earth, Wind and Fire. Do war och "Free" drop, wat räichlech am Hip-Hop gesampelt gouf.

Ee vu mengem Liblingsbeispiller ass vum Rapper K-Dee vun der Lench Mob. Hie schreift dem Williams seng Lyrics ëm fir "The Freshest MC In The World" doraus ze maachen. Dat war op sengem Album "Ass, Gas Or Cash (No One Rides For Free)" vun 1994.

Eng méi zäitgenëssesche Versioun vum Sample ass ze héiere beim Rapsody a sengem "Afeni" vum Joer 2019. Si mécht hei, begleet vum PJ Morton, dem 2Pac senger Mam an hirer Zäit an de Black Panthers eng Hommage, dohier passt d'Lidd "Free" natierlech ganz besonnesch gutt.

Den Sample ass awer och fir aner Genre benotzt ginn, wéi zum Beispill um DJ Nate sengem Lidd "Free". Hien ass en Pionéier a Saache Juke-Musek a bréngt säin Track 2010 op der EP "Da Trak Genious" eraus.