Radioen

On air

Notturno  |  Franco Battiato - Il Re Del Mondo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Den ënnerleche Kritiker ausschalten"

Bernice

"Den ënnerleche Kritiker ausschalten"

Den experimentelle Pop Quintett huet schonn ëmmer eng eegen Zopp gekacht. Op hirer neier Plack "Eau de Bonjourno" gëtt genuddelt, gelaacht a sech erfrëschend chaotesch manifestéiert. E Gespréich mat der Bandleaderin Robin Dann.

auto_stories

5 min

Bernice hu schonn ëmmer eng eegen Zopp gekacht. Dem kanadesche Pop Quintett hire Sound ass gläichzäiteg glat a verwurrelt, a scheit net vu Sentimentalitéit ewech. Op hirer neier Plack "Eau de Bonjourno" gëtt genuddelt, gelaacht a sech erfrëschend chaotesch manifestéiert. E Gespréich mat der Sängerin a Bandleaderin Robin Dann.

Den Nol op de Kapp getraff

Den ënnerleche Kritiker eliminéieren. Sengen onverschimmt séisste musikalesche Bedierfnesser blann follegen. Deene couragéise Prämissen schénge Bernice op hirem neien Album gefollegt sinn. Verbuede Kläng goufen nees ausgepaakt, ob et schmalzege Sopran Saxophon à la Kenny G ass, esotereschen New Age Synthesizer Teppech oder sënnlech 90er Pop R'n'B Harmonien. Wa schonn da schonn. An éierlech gesot, ass et e Genoss hirem originellen Zirkus nozelauschteren. Hei gëtt vläicht frech pastichéiert, mee se treffe mat hirem eklektesche Mix den Nol op de Kapp.

Zanter 2011 si Bernice ënnerwee. Geleet vun der Sängerin a Komponistin Robin Dann, gëtt de Quintett dacks als "déi konstant evoluéierend backing-band vun Toronto" genannt. Déi fënnef Memberen huet een nämlech vläicht schonn op Placke vu Bahamas, Badge Epoque Ensemble, Devon Sproule, Knower oder Andy Schauf héieren. Jazz forméiert ass Bernice ass eng Trupp déi sech ëmmer nees versicht selwer ze iwwerraschen, ouni dobäi op eng ze vill intellektuell Schinn ze geroden. Fënnef immens gutt Kolleegen déi virun allem Spaass bei hirer kreativer Aktivitéit hunn. An dat ass och de roude Fuedem op hirer drëtter Plack, dee sech duerch déi zéng Lidder zitt. "Eau de Bonjourno" gouf fir déi éischte Kéier als Band, komplett kollaborativ konzipéiert. Et wier eng "Exploratioun vu sech selwer acceptéiere" gewiescht, an Éierlechkeet an Erkenntnis manifestéiere sech definitiv an dëser onfaassbar fräier Pop Musek.

E Wierk vu Géigesätz

"Eau de Bonjourno" gouf vum Shahzad Ismaily a sengem heemleche Studio zu Brooklyn produzéiert. De Lou Reed, Sam Amidon a Laurie Anderson Collaborateur huet "Bernice" an hirer réier Expressivitéit encouragéiert. Hir Kreativitéit efficace erausgekëddelt. Pop-Lidder-Forme ginn um Album dekonstruéiert an deels Collage-méisseg nees zesummegepecht. Trotz e puer geckege rhythmeschen Elementer ass d'Resultat immens geschmeideg. Räich an iwwerraschend Stëmmharmonien vum Robin Dann a Felicity Williams sëtze waarm am Mix, an déi seideg synthetesch Ënnermolung geet an dat himmlescht iwwer. Nieft méi komplexen eckege Klangkonstrukter wéi "Big Mato", e Stéck dat iwweregens Zalot-inspiréiert ass, kommen och méi direkt Lidder wéi "Infinite Love" ervir, dat vun Zither-änlechen Texturen an engem ultra séiss widderhuelende Chorus gedriwwe gëtt.

"Eau de Bonjourno" ass e Wierk vu Géigesätz. Meditativ trëfft op Danz. Organesch op synthetesch. Zerebral op emotional. "Bernice" gläichen déi gezéckert Kläng mat schaarfe Kanten aus, an invitéieren hei op e Wierk dat eis perséinlech Kontraster, eis sougenannt "guilty pleasures" ofbaut a vereent.


Lauschtert de ganzen Interviewplay_arrow


Jamie Reinert: "Eau de Bonjourn" ass e komescht an intrigant Wierk. Immens geschmeideg awer och chaotesch. Ëm wat geet dës Musek iwwerhaapt, Robin Dann?

Robin Dann: Dee ganzen Album ass eng Exploratioun vu sech selwer acceptéieren. Mir hunn den Album zesumme geschriwwen, alleguer gedruddelt an engem fréiere Schoul-Container op den Toronto Inselen hei a Kanada. E puer Wochen hu mer do verbruecht, hu Lidder gesicht. Et ass dorëms gaange gentil mat sech selwer ze sinn. Dat ass fir mech d'Häerz vum Album.
Meeschtens schreiwen ech d'Lidder selwer, mee déi kéier hu mer eis wierklech drop fokusséiert zesumme Lidder ze generéieren. Dat héiert een am Afloss vum Thom Gill op Keys a Gittar oder och d'Felicity Williams mat hirem melodesche Geescht zum Beispill.

Wann s de iwwer de kreative Prozess deemools zeréckdenks, wéi eng Momenter dinn dech schmunzelen?

Mir hunn eis richteg beim Opnamprozess ameséiert. Mir sinn erof op Brooklyn gaange fir mam Shahzad Isamaily opzehuelen. Generell mat him ze schaffe war einfach esou onkomplizéiert. Säi Studio ass wéi e waarme Cocon. Et ass schéin däischter, vollgestopft mat Instrumenter. Ech hu sou vill Zäit einfach verbruecht do um Buedem ze leien a sech gutt ze spieren. Dem Shahzad gehéiert d'Gebäi, e lieft uewen op, a mir hunn och all do hauséiert. All Moies si mer erof an de Studio gaangen, wou den Thom vläicht ënnert dem Piano erwächt ass. An der simpeler Kichen nieft dem Studio huet de Brudder vum Drummer eis gekacht, deen elaboréiert vegetaresch Moolzechte konzipéiert huet. Mee hu seng Saache "beyond viande creations" genannt.

Op "Eau de Bonjourno" hutt dir déif an der Tru vu verbuedene Kläng gegraff. Kenny G Sopran Saxophon, esotereschen New Age Synthesizer Teppech oder sënnlech 90er Pop-R'n'B-Harmonie komme mer an de Kapp. Héiers du jee di Stëmm hannen am Kapp déi der seet "nee, dat do geet elo ze wäit"?

Konstant. Et ass witzeg well dräi vun eis a Bernice, den Thom, d'Felicity an ech hunn dësen anere Projet "Bliss Gloss" virun e puer Joer gegrënnt. Dat ass eis Opportunitéit fir deenen Impulser esou richteg ze follegen an di séissten an onschëllegst Musek iwwerhaapt ze maachen. Keen ënnerleche Kritiker, maach einfach wat s de wëlls an dobäi hu mer Musek gemaach déi mer richteg gären hunn. Dee Geescht hu mer mengen ech och op "Eau de Bonjourno" integréiert. Heiansdo muss een eben einfach sengen Impulser follegen, och wa se offensichtlech, witzeg oder referentiell sinn, well ultimativ wäert et net genau esou wéi eppes aneschtes scho kléngen. Um Enn wäert et egal wéi no eis kléngen. Ech mengen op "Intimate Love" kënnt dat am beschten zum Virschäin. Dat ass esou e richtege feel-good Pop song wou mer de Chorus einfach widderhuele well mer et eben esou gespiert hunn.

Bernice ass bekannt als di konstant evoluéierend backing-band vun Toronto bekannt, vu datt all Member a sou villen anere Projeten täteg ass. Ass Bernice är perséinlech Spillplaz wou jidderee vun Iech sech komplett goe loosse kann, an net am Déngscht vun engem anere senger Visioun steet?

Jo, ech mengen dat ass eng richteg gutt Observatioun. An et ass wouer. Mir spille scho sou laang zesummen, doduerch hu mer och eng musikalesch Erlabnis déi passéiert wa mer zesumme sinn. Eng kommunal Sprooch déi mer referenzéiere kënnen. Dës ass d'Band mat där mer bis ewell déi mannste Sue gemaach hunn, mee déi eis am meeschten um Häerz läit mengen ech.