Radioen

On air

Espresso Beats  |  Khruangbin - Pon Pón

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den ekologeschen Impakt vum Museklauschteren

"Decomposed: The Political Ecology of Music"

Den ekologeschen Impakt vum Museklauschteren

Den ekologesche Käschtepunkt vum Museklauschteren ass elo esou héich wéi nach ni, dat geet aus engem rezente Buch vum Kyle Devine ervir. Onlimitéiert Musek zu all Zäit op sengem Smartphone kënnen ze streame wier weder immateriell nach nohalteg.

auto_stories

2 min

D'Geschicht vun der opgehollener Musek gëtt dacks als Transitioun vum Materiellen zum Immaterielle beschriwwen. 1900 bis 1950 war d'Zäitalter vun de Shellac-Placken, ier et déi zweet Hallschent vum 20. Joerhonnert Richtung Plastik gaangen ass, a Form vu Vinyl, Kassetten a CD.

Vun 2000 un huet sech dann dat mysteriéist digitaalt Format breetgemaach. Mee Musek ze streamen oder erofzeluede bleift wuel an der physescher Realitéit verankert, esou de kanadesche Musekswëssenschaftler Kyle Devine. Wieren d'digital Fichieren net physesch, da géing sech jo och net den Hard Drive fëllen - de Stockage, d'Verschaffen, d'Verschécke vun dëse Fichieren si schlussendlech vun Energie ofhängeg.

Energie, déi zum groussen Deel net gréng ass. Ob Atom, Waasser oder Kuel, d'Elektrizitéit, déi fir den Internet an déi sëlleg Servere gebraucht gëtt generéiert vill Zäregas-Emissiounen. A sengem Buch "Decomposed: The Political Ecology of Music" huet hie kalkuléiert, datt am Joer 2016 194 Millioune Kilogramm Zäregas duerch streamen a erofluede vu Musek generéiert goufen. Am Joer 2000 waren et 40 Millioune manner, physesch Formater inklusiv.

Kollektiv Aktioune si gefrot

Fir de Musekswëssenschaftler op der Universitéit vun Oslo wier et un der Zäit sech fundamental Froen ze stellen: wëlle mir wierklech een "all-you-can-eat" Buffet vu musikalescher Kultur zu all Moment halen? De Kyle Devine ass sech do net esou sécher.

Um Terrain gëtt aktiv no Alternative gesicht, eis musikalesch Kultur méi nohalteg ze gestalten. Zum Beispill Opnam-Formater, déi manner Ressourcë verbrauchen oder och Museksserveren, déi mat Wäermepompel oder Solarenergie bedriwwe ginn. Alles Mesuren, déi an déi richteg Richtung ginn, mee fir de Kyle Devine misst ee scho méi wäit aushuelen: den ekonomesche System selwer iwwerdenken, deen eis Consommatioun vu Musek dirigéiert:

"Succès gëtt unhand vun Accumulatioun a Wuesstem gemooss an Ongläichheet an Exploitatioun gi gebraucht fir ze funktionéieren. En ekonomesche System, dee verschiddener als Kapitalismus bezeechnen. Ech gleewen net, datt d'Ännerungen, déi mer brauchen duerch individuell Aktioun eleng geléist kënne ginn. Mir brauche kollektiv Aktioune fir den ekonomesche System ze iwwerschaffen an deem mir existéieren."