Radioen

On air

Tockcity  |  Nia Archives - Crowded Roomz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Dirigent vun der Tschechescher Philharmonie ass dout

Klassesch Musek

Den Dirigent vun der Tschechescher Philharmonie ass dout

"A grousser Trauer deele mir den Dout vum Jiří Bělohlávek, Chefdirigent an Directeur artistique vun der Tschechescher Philharmonie mat." Mat dësem Saz huet déi Tschechesch Philharmonie déi traureg Nouvelle verbreet. Siwe Joer laang stoung hie bei der Tschechescher Philharmonie um Dirigentepult. Eréischt dëse Januar hat e säi Kontrakt fir weider sechs Joer verlängert.

auto_stories

2 min

Un der "Akademie der musischen Künste in Prag" huet dem Bělohlávek säi Wee als Dirigent ugefaangen. Studéiert huet hien ënnert dem Sergiu Celibidache, Chefdirigent vun de Berliner Philharmoniker. 1990 ass de Bělohlávek den Nofolger vum Vaclav Neumann bei der Tschechesch Philharmonie ginn. Nodeems d'Statute vum Orchester 1992 geännert goufen, an d'Museker hiren Dirigent iwwert eng geheim Wahl selwer wiele konnten, huet de Bělohlávek seng Platz nees verluer. Dorops hin huet den tschecheschen Dirigent säin eegenen Orchester - d'Prager Philharmonie - gegrënnt, mat dem hien Optrëtter op der ganzer Welt hat.

Dirigent bei der "Last Night of the Proms"

E wichtege Schrëtt fir seng Carrière ass dem Bělohlávek 1995 gelongen, wou hie Gaaschtdirigent beim BBC Symphony Orchestra gouf. 2006 gouf hie fir sechs Joer Chefdirigent bei dësem Orchester. Dräi mol huet hien den Orchester bei der "Last Night of the Proms", dem gréisste Concert an England, dirigéiert. Mat den Opnahmen vu Wierker vum Leoš Janáček, Bohuslav Martinů a Josef Suk huet hie sech international als wichtegsten Interpret vun tschechesche Komponisten en Numm gemaach. Fir dës Leeschtunge krut de Jiří Bělohlávek de britesche Verdéngschts-Uerden "Commander of the British Empire" vun der Kinnegin Elisabeth II.

Virun e puer Méint an der Philharmonie

2012 ass de Jiří Bělohlávek nees Chefdirigent vun der Tschechescher Philharmonie ginn. An där Funktioun war hien nach virun e puer Méint zu Lëtzebuerg, wou hien de 14. Mäerz Wierker vum Antonín Dvořák, Wolfgang A. Mozart a Bohuslav Martinů an der Philharmonie dirigéiert huet.