Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Marina Allen - Red Cloud

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Danz um Vulkan

Psychedelic Rock

Den Danz um Vulkan

E psychedelesche Vulkan dee mysteschen an héich ästhetesche Sound späizt. "Volcano" ass den zweete Longplayer vun Temples. Trotz méi poppegen Arrangementer, bleiwen d'Brite sech selwer trei.

auto_stories

3 min

Dräi Joer nom Debut-Longplayer "Sun Structures" mellt de britesche Psych-Quartet Temples sech zeréck. Dobäi gëtt et keng Spuer vum "zweeten Album Syndrom". Ënnert dem Sänger, Gittarist a Bandleader James Edward Bagshaw sengem enorme Krauselkapp war keng Platz fir sech Gedanken iwwert en zouverlässegen an éierbaren zweeten Album ze maachen. D'Iddien hunn zwee Joër laang gekacht. An der Press ass scho méi laang iwwert en neien Album rumouert ginn. Virun e puer Wochen huet de de Vulkan endlech gespaut, an d'Fans ënnert musikalescher Lava verstengert.

"Volcano" ass eng reusséiert Weiderentwécklung vun enger Band, déi hirem ganz originellen Toun trei bleift. D'Temples goufen am Ufank vun hirer Carrière als Nofolger vun der Sixties-Boyband The Zombies betruecht, well hiren Track "Move With The Season" staark "Time Of The Season" vun 1968 erënnert huet. Op "Vocano" maache si eng Evolutioun a Richtung Pop, ouni de Kär vun der Substanz ze verléieren.

Trotz Bubblegum nach ëmmer authentesch

Typech fir d'Temples sinn dem James Bagshaw säi Falsetto-Gesang, dem Gittarist a Keyboarder Adam Smith seng eegenaarteg Pedal-Sounds, dem Drummer Samuel Toms säi rhythméierten Donner, an dat ganzt ënnermoolt an subtil arrangéiert vum Bassist Thomas Walmsley. Véier dënn androgin Bouwen mat gigantesche Coiffuren... an mystesch , héich-ästheteschem Sound an der Kopp. Kee kléngt wéi d’Temples!

De Video zu Certainty

Net vill aktuell Formatioune sinn esou authentesch wéi Temples. Misst ee si an en Tirang stiechen, léiche si niewent zäitgenëssesche Psych-Rock a -Pop-Genie wéi MGMT, Pond an Tame Impala. Den Opening Track "Certainty" iwwerrascht mat engem Touch Retro-Dysney-Sound mat däischtere Conotatiounen. Et gëtt direkt kloer a wéi eng Richtung d'Temples sech beweegen. Déi jonk Rockformatioun léisst en Touch Pop a Bubblegum mat afléissen. An dat passt ganz einfach. Si ginn net méi schlecht dovun, ganz am Contraire. Sëllechen aner Titelen ewéi "Born Into the Sunset" "(I Want to Be Your) Mirror" an "Open Air" spruddelen nëmmen esou vun neien Iddien am gewinnten Toun. Räich Transitiounen, elaboréiert Brécken, familiäre Sound an dem Bagshaw seng Lyrics hiewen de Fan no der éischter Ecoute vun der Stratosphär an d'Mesosphär.

Beat a Wuppes

Et ass ëmmer nees spannend wéi d'Temples bis bei deen ominéise Chorus kommen. Zum Beispill beim Titel "Open Air" wou een net weess ob een dem Gittarist a Keyboarder Adam Smith senger Gittar oder sengem Moog nolauschtert.

"Volcano" steet an der Traditioun vu britesche Bands déi Pop-technesch ënnert dem Radar fléien. Supergrass a Blur wiere gutt Beispiller. D'Temples sinn awer e gudde Schotz méi individuell a manner kommerziell. Den zweete Longplayer vun den Temples ass e virsiichteg opgebaute Sequel mat Beat a Wuppes, mat helle Stëmmen a psychedelescher Approche vu véier jonken, héichtalentéierten Handwierker.