Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bleachers - Call Me After Midnight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Atelier geet (virsiichteg) an d'Offensiv

Fir d'Ekipp, de Public an d'Museker

Den Atelier geet (virsiichteg) an d'Offensiv

"Am Eck ze sëtzen an ze jéimeren, datt mir näischt kënne maachen, dat hëlleft kengem", seet de Michel Welter, Gerant vum Atelier. De Concertsorganisateur huet fir d'Rentrée eng Rei Evenementer mat sozialer Distanzéierung am Programm, déi zwar à Perte, mee mat vill Engagement der Covid-19-Pandemie de Bass halen.

auto_stories

1 min

Faites vos jeux - rien ne va plus. Weder den Atelier, nach d'Bands a Kënschtler kënnen drop hoffen, an der momentaner Kris hir Revenuen oprecht ze erhalen. Mee dorëms geet et net. "Mir wëllen d'Hollerecher Strooss einfach erëm opspären a virsiichteg éischt Schrëtt maachen", esou de Michel Welter.

Op der Affiche sti bis Dezember de Stand-Up-Comedian Serdar Somuncu, déi fantastesch Hania Rani vu Warschau, de Chassol, déi Däitsch Pagan Folk Band Faun, de Stéphane Eicher, de Lëtzebuerger Jazz-Crossover Projet Klein, Glass Museum an déi belsch Trip-Hop Formatioun Hooverphonic.

Déi selwecht Experienz

Op de Concerten ass de Mask obligatoresch, et muss een eng Sëtzplaz reservéieren, sech un d'Signalisatioun halen an an der Entrée gëtt Féiwer gemooss. "Et gëtt sécher net esou ganz déi onbeschwéiert Concerts-Experienz, déi mir gewinnt sinn, mee dat, wat aus den Hautparleure kënnt an op der Bün passéiert, ass déi selwecht Qualitéit wéi gewinnt", esou de Programmchef vum Atelier.

D'Concerten hunn um Site ee klenge Logo mat der Mentioun "Intimate Shows". Hei kann een och wéi gewinnt seng Plaze reservéieren. D'Modalitéite sinn op der Facebook-Säit vum Atelier ze fannen.