Radioen

On air

Notturno  |  Nick Zubeck, Felicity Williams & Karen Ng - Time Machine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi duuss Maschinn - 50 Joer méi spéit

An der Rockhal

Déi duuss Maschinn - 50 Joer méi spéit

"Soft Machine" ware schonns zu hirer Glanzzäit an den 1970er eng Band, bei där de Lineup all Joer eemol geännert huet. D'Schafensperiode ginn no Memberen opgedeelt, déi zu bestëmmte Momenter d'Kontroll iwwer der Band hir musikalesch Richtung iwwerholl hunn. Fir den John Etheridge, dee fir d'éischt als Gittarist un de Placke "Softs" an "Alive and Well" matgewierkt huet, war "Soft Machine" vun Ufank un eng Wild Card: hien ass erakomm an eng Band, déi no wéineg gittarslaaschtegen Ufäng kaum nach ee Grënnungsmember a senge Räng gezielt huet.

auto_stories

4 min

"Ech war natierlech wéi versiess drop matzemaachen, well ech war ee grousse Fan vun deem, wat "Soft Machine" gi war. Dat war natierlech de Lineup Babbington, Marshall, Carl Jenkins a Ratledge. Ech hat si mam Allan Holdsworth am Rainbow gesinn an hat d'Band do virdru kaum kannt. D'Atmosphär an der Band war net blendend, éierlech gesot, well de Mike Ratledge e bëssen op de Récksëtz gedréckt war a Loscht hat, fortzegoen. Hien huet wärend den Opname fir den Album "Softs" d'Band als leschte Grënnungsmember verlooss. De Carl Jenkins hat scho méi oder wéineger als Haaptkomponist d'Band ënner senger Féierung. Ech war ganz frou, dëser Band bäizetrieden, och wa se wéineg mat hiren eegenen Ufäng ze dinn hat. Vun deenen Zäite war ech souwisou kee Fan."

Den John Etheridge koum aus dem Jazz an ass Enn der 70er, wou "The Soft Machine" fir eng Zäitchen d'Loft ausgaangen ass, och dohinner zeréckgaangen, als Gittarist vum Violonist Stephane Grappelli zum Beipill, wou hien de facto dem Django Reinhardt säin Nofollger war, oder als Kapp vun enger ganzer Rei eegenen Jazz-Ensembelen.

Wou an den 2000er de Plang um Dësch louch, "The Soft Machine" nei ze beliewen, war jiddwereen enthusiastesch, esouguer de fréiere Kapp vun der Band Robert Wyatt:

"Mir hunn esou weidergemaach bis Enn der 70er, mat engem kuerzen Asaz mengersäits 1984, bis dann 2005 d'Iddi um Dësch louch, de spéider 70s Lineup zumindest deels erëm hinzestellen. Als Elton Dean, Hugh Hopper, ech selwer an den John Mashall hat mir all Recht, Soft Machine ze sinn. De Hugh wollt just sécher goen, de Robert Wyatt net ze beleidegen, deen d'Iddi, datt Soft Machine sollt weidergoen, allerdéngs voll a ganz ënnerstëtzt huet."

Marc Clement: Wéi fillt et sech dann un, haut fir ee gläichzäiteg esou aflossräichen an dach identitéitsgesteierte Projet nei Musek ze schreiwen?

"Softs" ass eis Signaturesplack, a wann ech se haut erëm lauschtere mengen ech, et war een aflossräicht a gutt Stéck Aarbecht, wat der Palett vum Rock ee klenge Schub ginn huet. Eis Placke vun haut schloen ee Bou zeréck an d'Vergaangenheet, wat fir d'Soft Machine vun de 70er sécher net de Fall war. Eis Reegel deemools war, nimools eppes ze maachen, wat an der Vergaangenheet festgemaach war. Haut kucke mir zeréck an no vir. Mir spille vill vun deem ale Material, vun éier ech bäikomm sinn, vill Saachen aus menger Zäit an och vill nei Musek. Eisen Ethos ass haut méi oppen a manner dogmatesch. Wou ech an der Band war, goufe Leit wéi de Hugh Hopper an de Robert Wyatt guer net geschätzt. Haut si mir natierlech alleguer räif, a vill méi tolerant.

Et ass eppes ganz Besonnesches drun bei Soft Machine ze spillen. Ech hunn a menger Karriär a ville verschiddene Kontexter gespillt, Jazz an esou weider, mee wann ech mat Soft Machine spillen, spillen ech wéi mat kenger anerer Band, déi ech jee kannt hunn. Déi Fräiheet, déi ech do verspieren, ass eemoleg. Mir sinn u kee bestëmmte Genre gebonnen, mir kënne ganz eis selwer sinn. Ech ka vu Punk Gittar bis zu extrem sophistiquéierte Passagen alles maachen, et ass kee Keyboard-Spiller méi do, also gehéieren d'Mëtte ganz mir. Dat ass ee vun de Grënn, firwat ech weiderhi bei dëser Band wäert spillen, et ass kreativ - do, wou den Jazz ëmmer méi an d'Vergaangenheet kuckt. The Soft Machine ass fir mech een Abenteuer."

Als lescht wollt ech wëssen, wéi ee sech esou ee "Soft Machine"-Concert am Joer 2021 dann esou virstelle kann. Et gesäit aus, wéi wann esouguer esou eppes Klenges wéi ee Concert zu Lëtzebuerg an de Rotonden bei "Soft Machine", haut ewéi fréier, eng Partie Changementer am Line-Up ka verursaachen... Some things don't change.

"Lo lauschter, et sinn do e puer Problemer am Moment. Mir sinn zwar ënnerwee op Lëtzebuerg, mee de Roy Babbington huet e Problem mat senger Hand an den John Marshall ass krank, an dofir brénge mir um Bass de Fred Baker mat, dee mat In Cahoots gespillt huet, an op der Batterie den Nick France, een ale Kolleeg vun eis, dee schonns dacks bei eis ersat huet. Leider wäerte mer eis geschätzte Rhythmussektioun, déi Allenzwee schonns e gewëssen Alter hunn, déi Kéier net bei eis hunn, mee et wäert trotzdeem e geniale Concert ginn an e wäert de Spirit vu Soft Machine dofir ëmsou méi hunn."


The Soft Machine spillen den Owend, den 19. Oktober an der Rockhal zu Esch. D'Diere ginn um 20 Auer op.