Et kennt een hien als Dichter a Schrëftsteller, vu Poetry Slams an aus Bicher, oder aus engem flotte Workshop iergendwou - op jiddwer Fall als Mann vun de Wierder.
Musek besteet och méi dacks zur Hallschent aus Wieder, besonnesch wa se eng theatralesch-performativ Dimensioun huet. Wouranner louch d'Unzéiung vun der Popmusek?
"Ech wollt mech am Allgemengen op Wierder konzentréieren, awer ech spieren, datt et ëmmer esou en Drang gëtt, domat op d'Bün ze goen oder méi draus ze maachen, wéi datt ee mäi Buch hëlt, oder um Internet liest an domat eleng ass. Wou ech mat Museker a Musekerinne geschwat hunn, hunn ech gemierkt, datt een Iddien och kann ouni Nouteschreiwen entwéckelen."
Entstanen ass d'Musek op "Ciao Luca" a Collaboratioun mam Luc Spada sengem laangjärege Frënd Angela Aux vu München, dee selwer tëscht Poesie, Performance a Popmusek Projet'en entwéckelt.
Fir d'Renconter, fir d'Bün
Et bleift kompromësslos perséinlech, mat rauer Sprooch mee och staarker Vulnerabilitéit. De Video zur neister a véierter Single "Ciao Luca" mécht säin Effekt a léisst ee beim Kucken net kal. Wat waren d'Motivatiounen hannert dem Song?
"Dat brauch ech net ze verstoppen, wäert et och nimools ausschluechten, mee ech hu mäi Papp am Kriibs begleet. Jiddereen deen dat matgemaach huet weess, dass dat eng laang Geschicht ass, mat villen Ups an Downs. Um Enn ass mäi Papp gestuerwen, an dat war dann och esou ee Moment, dee mir d'Angscht geholl huet."
Nieft dem Angela Aux hunn och de Rapper Maz an de One-Man Entertainer Jackie Moontan jeeweils bei engem Track matgemaach - Kollaboratiounen, déi räich Interaktioune lassgetrëppelt, oder weidergefouert hunn.
Déi lëtzebuergesch Release vum Album "Ciao Luca" ass de 27. November am Kulturzentrum opderschmelz zu Diddeléng. Concert'en zu München an zu Berlin sinn am Dezember geplangt.