Radioen

On air

De Moien  |  Alice Phoebe Lou - Shelter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Mark Lanegan ass dout

Musek

De Mark Lanegan ass dout

Mat senger déiwer geradderegter Stëmm huet hien d'Grunge- an Americana-Zeen staark markéiert. De Mark Lanegan hat e räicht a mouvementéiert musikalescht Liewen. Gëschter koum dann déi traureg Nouvelle, datt hien am Alter vu 57 Joer gestuerwen ass. Den Jamie Reinert mat engem Portrait vun engem Kënschtler, deen als düstere Grunge Poet an Erënnerung wäert bleiwen.

auto_stories

3 min

Mat de Screaming Trees gouf seng Musekskarriär lancéiert. Eng Proto Grunge Band déi 84 vum Mark Lanegan gegrënnt gouf. Hir Musek war jonk, rosen a réi, hat awer och méi ronn kalifornesch Zich. Iergendwou tëscht Garage, psychedelesch Musek a Punk. The Byrds an The Doors héiert een eraus. En 20 Joer jonke Mark Lanegan dee mat senger déiwer Stëmm eng mysteriéis Aura à la Jim Morrison ausstraalt.

Screaming Trees war eng Band. E Kollektiv deen op direkt an energetesch Musek eraus war. De Mark Lanegan war a sengem Kär allerdéngs e bëssen eppes vun engem einsame Wollef, mat engem Talent fir introspektiv an düster Lyrik. Seng Solo-Arbecht, ugefaangen 1990 mam Album "The Winding Sheet", ass spartanesch an inspiréiert sech um amerikanesche Folk a Blues Kanon. Eng Passioun déi hie mat sengem Kolleg dem Curt Kobain gedeelt huet. Dës Americana Ästhetik huet senge Lidder iwwer Drogesucht, Alkoholismus, Trauer an Ongewëssheet Effikassitéit an Déift verleet.

Esou een einsame Wollef war de Mark Lanegan dann och erëm net. Seng Kollaboratioune si villfälteg a variéiert. Hie konnt sech ganz einfach tëscht haarden a méi duusse musikaleschen Tendenze beweegen. Mat de Queens of the Stone Age huet e senge verzerrte Fantasie fräie Laf gelooss. Seng Arbecht op "Songs for the Deaf" vun 2002 kënnt engem do an de Kapp.

Eng kéier am Rock, di aner kéier am Pop. Mat der Belle&Sebastian Memberin "Isobel Campbell" war hien am Duo am Asaz. Zwou Stëmmen déi sech géigesäiteg ergänzt hunn. Um Album "Hawk" vun 2010 gëtt nieft den urege Folk Balladen dann och dat eent oder anert Stéck Soul gebueden.

"Hien hat e wëllt Liewen, vun deem vill vun eis nëmmen dreeme kënnen", esou de Peter Hook vun Joy Division an enger Reaktioun op den Doud vum Mark Lanegan. Drogen hunn hie praktesch säi ganzt Liewe laang begleet. En huet eng Zäit op der Strooss gelieft. Ass dem Doud ëmmer nees ganz no komm. A senger Lyrik huet hie seng perséinlech Erfarungen, seng ënnerlech Dämonen verschafft. 2017 huet hie säin éischt Buch mat diverse Liddertexter an Gedanken "I Am The Wolf" verëffentlecht. Seng Memoiren "Sing Backwards and Weep" koumen dunn 2020 eraus. D'lescht Joer huet hie seng schwéier Covid Erkrankung dann am Buch "Devil in a Coma" festgehalen. De Mark Lanegan huet bis um Enn seng Kreativitéit ausgelieft. 2020 koum säi leschten Album "Straight Songs of Sorrow" eraus, op deem hien alt nees mat sengem Häerz esou schwaarz wéi d'Nuecht düster Gedichter op d'Blat an iwwerraschend op Musek gesat huet.