Radioen

On air

Notturno  |  Matt Dawson - The River Is Wide

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Leonard Cohen ass dout

Museks-Legend

De Leonard Cohen ass dout

De kanadesche Sänger Leonard Cohen ass am Alter vun 82 Joer gestuerwen. Seng Musek huet e puer Generatioune gepräägt. Den 21. September hat hie säi leschten Album "You Want It Darker" erausbruecht.

auto_stories

4 min

De Leonard Cohen am Joer 1976 (Foto: picture alliance / Istvan Bajzat)

An der Nuecht op e Freideg huet Sony Music Canada den Doud vum Leonard Cohen iwwer Twitter bekannt ginn. Zu engem spéideren Zäitpunkt géif eng Trauerfeier organiséiert ginn, heescht et op der Facebook-Säit vum Artist.

De Leonard Coen huet am Laf vu senger Carrière e puer vun deene bekanntsten a wichtegsten Hymnen aus der Pop-Geschicht geschriwwen. Ier hien Enn de 60er Joren als Sänger mat Lidder wéi "Hallelujah", "Suzanne" oder "So long Marianne" bekannt gouf, huet hie Romaner a Gedichter geschriwwen.

De Leonard Cohen war säi Liewe laang déif spirituell an hat e Ruff als Fraenheld. An den 90er Joren huet de Sänger sech zréckgezunn an huet am Buddhismus Zouflucht gesicht. Hie gouf souguer 1996 Mönch. Knapps zéng Joer méi spéit, huet hie sech als Museker zréckgemellt. An hien huet decidéiert, datt hien a sengem Alter nees kéint ufänke mat fëmmen.

Den 21. September dëst Joer huet hie mat der Verëffentlechung vum 14. Album "You Want It Darker" säin 82. Gebuertsdag gefeiert. Den düsteren Toun vum Disk gouf vu ville Kritiker als musikaleschen Adieu verstanen. Am Juli war dem Cohen seng Muse, d'Marianne Ihlen gestuerwen. Fir si hat hien de Song "So long Marianne" geschriwwen. An engem Interview mam The New Yorker sot de Sänger am Oktober: "Ech mengen, datt ech him geschwë wäert nogoen."


So long Leonard - En Noruff vum Fred Medernach

Dem Leonard Cohen säi "Marianne" aus sengem Debutalbum vun 1967 war reell. Senger fréierer Frëndin an Inspiratioun, dem Marianne Ihlen huet de Kanadier kuerz virun hirem Doud Enn Juli geschriwwen: "I Know that I am so close behind you that if you stretch out your hand, I think you can reach mine." Den Doud, deen ee spiert. Mat 82, et ass awer nach duergaang, fir e leschten Album: "You Want It Darker".

De Leonard Cohen war dee Schrëftsteller a Poet, dee sech Mëtt de Siechzeger getraut huet, d'Gittar als zousätzlecht Aarbechtsgeschir ze benotzen, fir dat ze soen, wat him um Häerz läit. D'Léift virop, cherchez la femme ... Dem Cohen seng Frae ware seng Musen. Hien huet sech eragestierzt a Relatiounen, se duerchlieft mat allen Héichten an Déiften. Si waren dacks den Ausgangspunkt fir seng Lidder, meeschtens mam Bléck zréck voller Melancholie fir dat Erlieftent.

De Leonard Cohen am Joer 2008 (picture alliance / Rolf Haid)

Oder d'Relioun, d'Ausenanersetzung mat deem do uewen ... Oder mat deenen hei ënnen - de Leonard Cohen war wuel kee Protestsänger, mee huet nawell op Mëssstänn opmierksam gemaach. An huet och do op d'Léift gesat als Léisung: "I've seen the nations rise and fall/ .../ But love's the only engine of survival" mengt hien a sengem Lidd "The Future". Nodeems hien - de Judd, deen an de Nonzeger sollt zum Buddhismus konvertéieren - mat israeleschen an arabeschen Zaldote zesummekoum, schreift hie säi Song "Lover, lover, lover". De Cohen als doucen - et sinn der déi soen naive - Pazifist?

Mat enger Singer/Songwriter-Stëmm, déi am Laf vun de Joren ëmmer méi déif, méi sprock a sympathesch-rau gouf, huet de Leonard Cohen just 14 offiziell Studio-Albumen erausginn. Mir fält ëmmer erëm ee Wuert bei all senge Lidder an: Melancholie. De Curt Cobain huet, ier hie sech eng Kugel an de Kapp gejot huet, am Nirvana-Lidd "Pennyroyal Tea" gemengt "Give me a Leonard Cohen afterworld/ So I can sigh eternally". Op éiweg seufzen. Mat engem Héich op de Weltschmäerz, op d'Leiden an op Verluerenes, dat een emol genoss huet.

A sengem Bréif un d'Marianne Ihlen sollt de Leonard Cohen Recht behalen. Ech kommen no. Mat 82 huet hien et gemaach. Vläicht sëtzen déi zwee jo elo iergendwou op enger sonneger Insel, lauschteren de Welle no, turtelen, dreemen a plangen, wéi deemools. Dat géif deem ale Charmeur bestëmmt gefalen.