Radioen

On air

De Moien  |  Clara Luciani - Comme Toi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Bolis Pipul spillt op der Reouverture vum Gudde Wëllen

Interview

De Bolis Pipul spillt op der Reouverture vum Gudde Wëllen

Muer den Owend feiert de Gudde Wëllen seng éischt richteg Reouverture zanter de COVID-19 Mesuren, um 22 Auer geet et lass. Op der Affiche stinn net nëmmen d'Indie-Rocker vu Leen, den DJ Chook an de Good Boy, mee och ee gewëssene Bolis Pupul, dee mat enger Hellewull analoger Synthesizer soll ukommen.

auto_stories

1 min

Den aus Hongkong stamende Belsch war iwwer säi Papp schonn als Kand mam Soulwax-Member Stephen Dewaele befrënnt, deen hien a senger Léift fir d'Musek ënnerstëtzt huet. No engem Stage beim Soulwax-Label "Deewee" krut hien d'Geleeënheet, eng Plack um Label erauszebréngen.

No éischten Erfarungen a Rockbands mécht hie vun 2006 u just nach elektronesch Musek. Op de Spuere vu Vangelis, Patrick Cowley an ale Krautrock-Helden trëtt hie mat Synthesizeren an Drummachines op.

Rezent ass d'Musekswelt och op d'Collaboratioun tëscht dem Bolis Pupul an der Sängerin Charlotte Adigéry aus der Martinique opmierksam ginn, déi sech schonns zanter hirer éischter EP opgebaut huet. Hei krut hie fir seng elektronesch Programmatioune vill Luef an der internationaler Press.

Op der Gudde-Wëlle-Party muer den Owend gëtt et vun him een danzbare Set, dee ganz live mat e puer Synthesizer, Effekter an Drumloops improviséiert gëtt. Net verpassen!