"Ech hat hir Stëmm esou gär", schreift de Brian Wilson vun de Beach Boys op Twitter - et brécht mir d'Häerz. D'Beach Boys waren eng vun den éischte Bands, déi Ufanks de 60er direkt vum Sound vun de Ronettes beaflosst goufen.
I just heard the news about Ronnie Spector and I don't know what to say. I loved her voice so much and she was a very special person and a dear friend. This just breaks my heart. Ronnie's music and spirit will live forever.
- Brian Wilson (@BrianWilsonLive) January 12, 2022
Love & Mercy, Brianhttps://t.co/dXZKTMWv8a
Léif Melodien, léif Meedercher an eng phänomenal Produktioun, dat war d'Rezept fir de Succès vun de Ronettes. Enn de 50er Joren hat d'Ronnie mat hirer Schwëster Estelle an hirer Cousine Nedra Talley e Gesangstrio gegrënnt.
Sex als Selling Argument
De Produzent Phil Spector huet déi jonk Dammen entdeckt. Et war eng schwaarz Girl-Group, déi hei wäiss Popmusek interpretéiert huet. Mat déckem Make-Up, héich-toupéierten Hoer a kuerze Juppen hu si mam onschëllegen Optriede vun hire meeschte Kolleeginne kontrastéiert. Sex als Selling Argument am Pop war gebuer.
De Phil Spector huet déi gréissten Hits vun de Ronettes produzéiert. Op dësen Opnamen héiert ee fir d'éischte Kéier säi legendäre "Wall of Sound": seng Symphonie fir d'Rock n Roll Generatioun. Déck opgedroe Sträicher-Arrangementer, déi mam Hall vun Echo Chambers zousätzlech opgeblose goufen.
Vun 1968 u wat d'Ronnie Spector fir eng Rei Jore mam Phil Spector bestuet. 1990 huet si hir Memoire verëffentlecht - dora beschreift si e jalousen a gewalttätege Mann. Hien hätt si geschloen a mam Doud menacéiert.
De Produzent a verurteelte Mäerder Phil Spector war d'lescht Joer a Kalifornien am Prisong gestuerwen. De Phil Spector hat och mat bekannten Nimm wéi de Beatles, dem Elvis Presley oder der Tina Turner geschafft. 2009 war hien zu 19 Joer Prisong verurteelt ginn, well hien d'Actrice Lana Clarkson ëmbruecht hat.