Radioen

On air

De Moien  |  La Bofia - Violence

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Gewënner sti fest

Gemeinsam Ausschreiwung vum radio 100,7 a vum KUK

D'Gewënner sti fest

De Komponist Pierre Weber an den Auteur Raoul Biltgen sinn d'Gewënner vun der Ausschreiwung fir eng musikalesch Kompositioun vum radio 100,7 zesumme mam KulturKanal (KUK). Thematesch hu si d'Motiv vum Sisyphus iwwerholl an op d'Roll vun engem Papp iwwerdroen. Bis Mëtt Juli hu si elo Zäit fir hir Kompositioun fir Chouer ze realiséieren, déi dann an der Rentrée 2021/22 vun den Duke's Singers uropgeféiert gëtt.

auto_stories

3 min

De Pierre Weber (Foto: Kaupo Kikkas) an de Raoul Biltgen (Foto: Philippe Matsas)

"Papa was a rolling stone" - Iwwer dës Associatioun zum Theema "Gléckleche Sisyphus" ass dem Raoul Biltgen d'Iddi fir d'Konzept vu sengem Text komm. Säi Papp ass am Januar gestuerwen an deementspriechend no wier him dëse Sujet nach gewiescht. No dëser Associatioun huet de Raoul Biltgen no den Zesummenhäng tëschent "Papp sinn", "glécklech sinn" an dem Sisyphus gesicht. Fonnt huet hie se am Steen als Symbol fir d'Famill, ëm déi ee sech déi ganzen Zäit këmmert.

"De Steen rullen" steet an dësem Fall fir d'Aufgab, déi een erfëllt, déi ee sech bewosst erausgesicht huet, an déi een am Endeffekt och glécklech mécht. Esou wier d'Iddi entstanen, generell en Text iwwer Pappen ze schreiwen.

"Wéi ech dem Pierre [Weber] déi Iddi erzielt hunn, huet hie laang nogelauschtert an du just geäntwert: 'Mäi Papp ass am Dezember gestuerwen' . An domat war kloer, datt mer eppes zum Theema "Papp" maache wëllen."

Éischt Etapp ofgeschloss

De Pierre Weber huet de Raoul Biltgen gefrot, fir zesummen eng Kandidatur eran ze reechen. Ënnerstëtzt gëtt dëse Projet vun der Fédération Luxembourgeoise des Auteurs e Compositeurs (FLAC), iwwer déi de Pierre Weber op dësen Opruff opmierksam ginn ass. Et hätt him immens gutt gefall, datt de Projet "duerch an duerch" kreativ wier, andeems net nëmmen eng Kompositioun gefrot war, mee och eng Zesummenaarbecht mat engem Auteur oder enger Autorin. Zwar kenne sech de Pierre Weber an de Raoul Biltgen scho méi laang, zesumme geschafft hu si bis ewell awer nach ni.

Déi éischt Etapp - d'Opstelle vum Konzept - ass elo ofgeschloss. Bis Mëtt Juli hunn de Pierre Weber an de Raoul Biltgen elo Zäit d'Kompositioun ze realiséieren. Wann den Text fäerdeg ass, steet fir de Komponist als éischt eng Analys vum Sënn a vum Rhythmus vum Text um Programm.

"Dat wäert eng Inkubatiounszäit vu bestëmmt enger Woch ginn, wou ech probéieren alles anzesaugen, wou ech quasi probéieren, mech selwer am Text ze marinéieren."

Zesummenaarbecht och mam Ensembel

Uropgeféiert gëtt d'Kompositioun an der Rentrée 2021/22 live am radio 100,7 an um KUK vun "The Duke's Singers". Och mat dësem Vocalensembel géif de Pierre Weber Kontakt ophuelen, fir méi gewuer ze ginn iwwer hire Stil, hire Klang an hir technesch Méiglechkeeten.

"An dat ass och wichteg, datt et hinnen, an engem gewësse Sënn, op de Leif geschriwwe gëtt, fir datt et dann och am beschte kléngt."