De Maxime Weber wunnt zanter e puer Joer zu Berlin a schreift Prosa a Musek. Et kann een hien als Member vun der lëtzebuergescher Doom-Metal-Formatioun Plaguewielder kennen, mat där hien 2015 den Album Chambers of Death erausbruecht huet. Mat sengem neie Projet Death Was A Mistake hëlt seng Kreativitéit awer ganz aner Weeër: éischter elektronesch an ambient. De Marc Clement huet sech mam Maxime iwwer seng nei Plack "there are gardens in the abyss" geschwat, a wat dësen Titel bedeit, erkläert hien direkt zum Ufank vum Gespréich.
Wien de Projet live, wann och online, erliewe wëll, dee kann dat dëse Samsden, 29. Mee ëm 19 Auer hei maachen: https://m.twitch.tv/mindyoursocksrecords