Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Féiss vum Buedem hiewen

Luka Kuplowsky - Stardust

D'Féiss vum Buedem hiewen

Trotz der Pandemie, schéngt 2020 en éischter produktiivt Joer fir de kanadesche Singer-Songwriter Luka Kuplowsky gewiescht ze sinn. Am Abrëll huet en en EP verëffentlecht an net laang spéider, en neit Wierk.

auto_stories

2 min

Zanter engem klenge Joerzéngt schafft de Luka Kuplowsky u senger intimer Approche. No an no hu sech seng Kompositioune vu réi op reng gewandelt, seng Stëmm huet hir Rou fonnt, d'Intenstitéit sech konzentréiert. Dem Singer-Songwriter vun Toronto seng Musek ass virun allem introspektiv. An dëst Joer huet sech déi Qualitéit natierlech verstäerkt an der Gesellschaft, der Kultur bemierkbar gemaach. Mat sengem bedächtege Stil, senger roueger Manéier seng Gedanke, wéi e lues awer determinéierte Floss ze formuléieren, baut de Luka Kuplowsky eng ganz ënnerdriwwe Stëmmung op, wou sech un de Mystère vum Kosmos erugetaascht gëtt.

Di aner Qualitéit déi dem Luka Kuplowsky seng Musek staark charakteriséiert ass "cinematographesch". Biller an Zeene erschéngen, déi mat Faarf and Textur gefëllt sinn, spille sech aus, gi vu verschiddene Bléckwénkel betruecht. Dat huet warscheinlech domat ze dinn dass de Kuplowsky Film a senger Heemecht enseignéiert. Dat gesot huet hien op "Stardust" di visuell Komponent meeschterhaft musikalesch verschafft, an dat unhand vun enger beandrockender Ekipp. Um Album héiert ee Museker déi mat Leit wéi U.S. Girls, Andy Schauf, Bernice, Sam Amidon oder och Broken Social Scene dacks spillen. Als Ganzt hu se eng delikat Ambiance zesummegeflecht, wou Jazz-Flute oder Saxophon elegant dialogéieren, d'Gittar de Gesang verspillt ënnerstétzt, oder och backing Gesang selektiv an détailléiert zum Asaz kommen. An zwee Deeg gouf "Stardust" live opgeholl. An de Succès vum Album berout zu engem groussen Deel op déi intuitiv Aarbecht vun den eenzele Museker, déi d'Matière mat enger Tensioun eriwwerbréngen, wéi wa se fir d'éischte Kéier entdeckt géif ginn.

D'Wonneren, d'Gefill vu Staunen géigeniwwer dem Kosmos, eisem Liewen, dem Sënn an deem Ganzen, huet de Luka Kuplowsky op "Stardust" agefaangen. Wéi de Leonard Cohen oder Lou Reed daucht hien a seng Lyrik an, a léisst seng Gefiller onmaskéiert eraus. D'Ongewëssheet an e Manktem u kloren Äntwerte zeechne säin universelle Wee aus, op deem een hie gäre begleet. Dem Luka Kuplowsky seng Musek ass lëfteg, atmosphäresch a mat vill Stärestëbs bestreet. Ze lauschtere wann een emol d'Féiss vum Buedem hiewe wëll.