Haut an enger Woch ass an der Rockhal een éischte Concert, bei deem bis zu 1.000 Leit am Publikum zougelooss sinn. D'Preparative fir dëse Pilotprojet lafen an Zesummenaarbecht mat der Santé, déi op Erfarunge vun enger éischter Test-Serie vu méi klenge Concerten am Februar baut.
Virgesinn ass, datt d'Spectateure virum Concert getest ginn an och eng Zäit duerno nach eemol. Bannent der Rockhal si speziell Signalisatioune fir d'Zirkulatioun virgesinn. De Concert wäert am Sëtze sinn, d'Droe vum Mask wäert obligatoresch sinn a Gedrénks wäert keent verkaaft ginn.
Am Hibléck op gréisser Live-Evenementer an der Kultur oder am Sport mat gréisstméiglecher Sécherheet organiséieren ze kënnen, schafft d'Inspection sanitaire un dëse Pilotconcerte mat. D'Dr. Anne Vergison ass responsabel fir d'Berodung am Ausschaffe vun de Sécherheetsmesuren, wéi och d'Auswäertung vun den Observatiounen, déi bei de Pilotconcerte gemaach ginn.
Am Gespréich mam Marc Clement gëtt si Detailer zu hirer Aarbecht - an erkläert fir d'éischt, wéi eng Resultater déi éischt Pilotconcerten am Februar bruecht hunn.