Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Carl Carlton - She's A Bad Mama Jama (She's Built, She's Stacked)

Sample vun der Woch

Carl Carlton - She's A Bad Mama Jama (She's Built, She's Stacked)

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

Mir lauschteren dem Carl Carlton säi Lidd "She's A Bad Mama Jama", dat 1981 erauskoum. De Carl Carlton ass en amerikaneschen R'n'B, Soul an Funk Sänger. Hie kënnt ganz bescheiden aus dem Gospel - bis hien Enn 60er op Lando Records ënnerschreift. Hien ass duerno vun Detroit op Houston geplënnert, fir um Back Beat Label vum Don Robbie ze signen. Back Beat gouf kuerz duerno vun ABC Recors opkaaft, wou de Carlton säin éischte groussen Succès hat, an zwar eng Reprise vun den Tempatations: "Everlasting Love".

Säi beschten Album koum och ëm dës Period eraus, an zwar "As I Wanna Be With You" vun 1976. Hien krut herno Sträit mat sengem Label ABC Records a konnt eng Zäit net méi weider ophuelen. Dofir huet hien ugefaange Fitness ze maachen. Wéi hien erëm lues konnt ufänke mat schaffen, huet hien den Album "Carl Carlton" zesummegestallt, op deem dat bekannte Lidd drop ass. Et heescht eigentlech mam vollen Numm "She's A Bad Mama Jama (She's Built, She's Stacked)". Um Cover vun dësem Album posed de Carl voller Energie an Oben ohne mat sengem neien duerchtrainéierte Kierper. Hie krut duerch säin Hit och eng Apparitioun an der Fernseesendung "Soultrain" a konnt spéider souguer mam Rick James op Tournée goen! Eigentlech sinn d'Rick James Aflëss op dësem Lidd ganz däitlech erauszehéieren. Et bleift säi gréissten Hit bis haut. George Duke war säi Keyboard Player, a si kruten zesumme souguer 1982 eng Grammy Nomination fir dëst Lidd kritt.

De Carlton gouf relativ dacks am Hip-Hop gesampelt, dat bekanntste Beispill ass vläicht "Big Bad Mama" vu Foxy Brown Featuring Dru Hill.

D'Lidd war um Soundtrack vum Film "How To Be A Player" ze fannen, eng Komedie, déi 1997 op Def Comedy Jam erauskoum. De Soundtrack selwer koum op Def Jam eraus a war produzéiert vun Trackmasters. Et ass interessant ze wëssen, datt d'Foxy Brown hiren Numm aus engem Blaxploitation Film geklaut huet. Si ass zu Brooklyn gebuer a wéi si dësen Track opgeholl huet, knapps 18 Joer al. Si ass e Member vun der Grupp The Firm, zesumme mam Nas, AZ a Cormega an ass nach ëmmer aktiv am Hip-Hop. Si war zum Beispill um Lidd "Full Circle" vum leschten Album vun Nas ze fannen. Dru Hill dogéint waren eng R'n'B Grupp vun den Enn 90er bis Ufank 2000. Zu dëser Zäit war Sisqo hire Leader a si waren um Label Def Soul Jam.

En anert Beispill vun engem gelongene Remix ass d'Grupp Black & Jay mat hirem Lidd "Feds". Et ass Featuring Lucks Knuckes a Corleone a koum 1998 um Label Sharp Records eraus. Et ass Dirty South vum Feinsten, et kënnt nämlech aus Nashville Tenessee. De Cover ass vu Pen & Pixel gemoolt an den Album heescht "Affiliated for Life".

Nach en anert Beispill wier d'Lidd "She's Bad". Et ass vun der Rapperin Sh'Killa Featuring Young Prod, um Album "Gansters From The Bay" ze fannen. Et koum 1996 eraus a staamt aus San Francisco.

De Carl Carlton huet et souguer bis a Brasilien gepackt, dank den Mc's vun der Grupp Doktor Mc's an hirem Lidd "Sexta Feira". D'Lidd kënnt aus Sao Paulo.