Radioen

On air

De Moien  |  Pet Shop Boys - Dancing star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bobby Caldwell - What You Wont Do For Love

Sample vun der Woch

Bobby Caldwell - What You Wont Do For Love

De Caldwell war schonn e bekannte Club Museker, an dat dote war déi éischt Maxi vu sengem éischten Album - a gouf säi gréissten Hit. 1978 op TK Records erauskomm.

auto_stories

3 min

Dem Bobby Caldwell säi "What You Wont Do For Love" koum 1978 op TK Records eraus. Hie war virdru schonn e bekannte Club-Museker, an dat dote war déi éischt Maxi vu sengem éischten Album - a gouf säi gréissten Hit.

Op der Demoversioun vum Album hat hien dat Lidd nach net geschriwwen, dofir huet säi Label gefrot, datt hien nach e radiotauglechen Hit dobäi soll schreiwen. Hien hat esou wéineg Vertrauen a säi Lidd, datt hien et ganz hannen an den Tracklisting gesat huet, mee wéi gesot: et gouf säin aller gréisste Succès!

D'Kompositioun fir déi meescht Instrumenter gouf vum Caldwell selwer geschriwwen a gespillt, ausser de bekannte Bléiser-Part, dee gouf vum Arrangeur Mike Lewis gespillt. D'Lidd koum op enger häerzfërmeger Vinyl Plack eraus fir Valentinsdag 1978, a gouf direkt e Sammlerstéck. De Caldwell huet anscheinend deen iwwerdeierte Präis (fir deemools) vun 7,98 US-Dollar gefrot.

1998 koum déi éischt Plack vun 2Pac no sengem Doud eraus. "R U Still Down? (Remember Me)" huet déi geheescht. "Do For Love" war déi zweet Maxi vun deem Album. Um Lidd ass e Sample vu Bobby Caldwell, mee och vun The Pharcyde's: "Y? (Be Like That) (Jay Dee Remix)".

Dem 2Pac säi Lidd ass featuring Eric Williams vun der Grupp Blackstreet a gouf produzéiert vu Soulshock & Karlin, e Producer Duo aus Dänemark. Jiddweree ka sech un de Cartoon-Video erënneren, an deem den 2Pac als eng Plastilinnfigur opgetrueden ass.

Mee e puer Joer virdrun hat d'Grupp Luniz deselwechte Sample benotzt, an zwar fir hiren éischten Hit no hirem Welthit "I Got 5 On It", de "Playa Hata". E war op hirem éischten Album "Operation: Stackhola", deen 1995 erauskoum.

Eng aner Versioun vun deem selwechte Sample ass déi vun der Tatyana Ali. "Boy You Knock Me Out". Si ass am Fong d'Schauspillerin, déi d'Ashley an der Serie "The Fresh Prince Of Belair" gespillt huet. Forcement ass dat Lidd dann och featuring Will Smith. D'Tatyana huet just een Album erausbruecht, 1998: "Kiss The Sky".

Déi verrécktste Versioun geet awer warscheinlech un den DJ Rashad mat "Ghetto Tekz Runnin It". Hien huet hei eng Chicago Juke Musek Versioun doraus gemaach, mat 160 BPM ass dëse Remix gëeegent fir Footwork Dance Batlles ze macahen.

De Sample gëtt ëmmer erëm weider benotzt, souguer dëst Joer koum eppes eraus: D'Savanah Christina mécht "What You Won't Do" doraus. De Genre kann ee bezeechnen aus traditionellen akusteschen R'n'B aus den USA.