Radioen

On air

De Moien  |  INXS - Need You Tonight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bernard Wystraete - Daydream

SAMPLE VUN DER WOCH

Bernard Wystraete - Daydream

De Sample vun der Woch kënnt vum Bernard Wystraete, deen 1969 mat sengem Orchester eng Reprise vun der Grupp Wallace Collection opgeholl: "Daydream". 2001 huet den Danny Dan The Beat Mann d'Lidd fir eng Breakbeat-Kompilatioun opbereet.

auto_stories

2 min

De Fransous Bernard Wystraete huet 1969 mat sengem Orchester eng Reprise vun der Grupp Wallace Collection opgeholl. D'Lidd heescht "Daydream" a war ze fannen um Album "Hits - Variety N.1".

Den Wystraete kënnt vu Roubaix an huet eng ganz klassesch Musekserzéiung kritt vu sengen Elteren, déi och allen Zwee professionell Museker waren.

De Wystrate ass Multi-Instrumentalist, haaptberufflech Dirigent a spezialiséiert an de Flütten, wéi een et am Ufank vum Lidd däitlech eraushéiert. Hie war och e gefrote Library-Museker an huet vill fir Soundtracks geschafft an zum Beispill mam Francis Lai, Vladimir Cosma oder Michel Legrand kollaboréiert. Hien huet eng Leidenschaft fir südamerikanesch Musek, zum Beispill Bossa Nova aus Brasilien.

2001 huet Danny Dan The Beat Mann, en DJ aus der Bronx, dëst zimmlech onbekannt Lidd erëmfonnt an op eng Kompilatioun vun him gesat, "Dusty Fingers Vol. 9", 2001 erauskomm. Dat war eng vun deenen éischte Breakbeat Kompilatiounen. Dat heescht, hien huet hei interessant Lidder oder Deeler vu Lidder - souzesoe Breaks - compiléiert, notamment Perkussiounsdeeler, déi schwéier ze fanne waren. Dës Kompilatioun war express fir Beatmaker geduecht, déi et schwéier haten un eklektesche Rostoff ze komme fir hir Beats ze produzéieren.

Doduerch gouf dat Lidd méi bekannt a méi dacks gesampelt, wéi zum Beispill hei vum RZA.

Hien huet säi Lidd "The Whistle" doraus gemaach. Dat war op sengem drëtte ganz mëttelméissegen Album "The Birth Of A Prince", 2003 erauskomm. D'Produktioun an de Rap si vum RZA zesumme mam Prodigal Sunn a Masta Killa vum Wu-Tang Clan. Et muss een awer soen, datt de Sample hei op eng ganz interessant Aart gechopped ass.

Dat bekanntste Beispill vun der Utilisatioun vum Sample ass vun den Beatnuts mam Lidd "Mayonnaise".

Dat ass e kuerzt Lidd vun hirem véierten Album "Take It Or Squeeze It" vun 2001. Den Psycholess an den Juju sinn zwee Puerto-Ricaner déi bekannt si fir hir grouss Musikalitéit am Rap.

E lescht Beispill ass de Percee P mat sengem Lidd "Raw Heat".

Den immens brutale Beat gouf vum Madlib produzéiert. Dat war op sengem éischten Album "Perseverance" vum Joer 2007. Hien ass e Veteran MC a kënnt aus dem ganze Lootpack-Stonesthrow-Jaylib-Entourage.