Radioen

On air

Notturno  |  Advance Base - Love At The Five & Dime

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Baby Bieles" by Bobby Bieles

Ligne 2

"Baby Bieles" by Bobby Bieles

Midi-Pisten, déi no Xylophon a Marimba kléngen, iwwerschafft eise Spezialist vum Hip-Hop mat den original Lyrics vun de gesampelten Artisten.

auto_stories

5 min

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow


Philippe Hansen: Bobby Bieles, wat stécht konkret hanner "Baby Bieles"?

Bobby Bieles: Ech sinn de Bobby Bieles an ech maache jo all Woch meng Ligne 2 Sendung a fir dës Sendung hunn ech probéiert eng Hip-Hop-Sendung fir Kanner ze maachen, souguer fir ganz jonk Kanner, an e bëssen als Witz huelen ech do de Numm "Baby Bieles".

Déi ganz Sendung ass gemixt mat klenge Kanner-Plackespiller, wou een 3-inch Placken drop lafe léisst, an d'Konzept ass instrumental Lidder aus der Serie "Rock A Bye Baby" ze huelen, déi et scho méi laang ginn. Déi hunn och vill Saache verëffentlecht, sou ëm déi honnert Releasen, an ech mixen dorop déi original A cappella vun deene Lidder, déi Rock a Bye probéiert huet ze remixen.

"Rock A Bye Baby" huet meeschtens Placken eraus bruecht, also verschidde grouss bekannten Albume vu groussen a bekannte Kënschtler. Hues du dech do an eng speziell Richtung spezialiséiert a ginn et och niewent dem Rock N' Roll och "Rock A Bye Baby" Hip-Hop-Placken?

"Rock A Bye Baby" hunn do eng grandios Aarbecht gemaach a monstervill Placken nogespillt. Gréisstendeels Rock, mee awer och Hip-Hop, an ech hu mech op den Hip-Hop spezialiséiert d.h. si hu gréisstendeels Saache vun deene bekannte Jay-Z, Kanye West, The Beasty Boys, awer och e bësse méi underground Saache wéi verschidde Saache vu Wu-Tang wou ech och selwer e bëssen erstaunt war.

Ech hu mat deene Leit e bëssen hin an hir geschriwwe fir ze wëssen, wéi wäit dat ok wier mat den Droits d'Auteur. Dunn hunn ech all meng al Placken erausgeholl, op deenen deemools nach den A cappella drop war, an dunn hunn ech d'Stëmmen einfach nach eemol nei drop gemixt, fir deem Ganzen eng nei Dynamik ze ginn.

Déi "Rock A Bye Baby" Disken sinn eigentlech immens liicht am Sound gehalen. Et sinn zwar Midi-Pisten, mee et kléngt extrem no Marimba a Xylophon, dowéinst huelen ech un, datt mam Bobby Bieles sengem "Gescratchs" déi Saach awer e bësselche méi Wuppes kritt?

Eleng déi Tatsaach, datt et Schloflidder fir Puppelcher sinn, huet mech immens ugezunn. Dann huet mir awer déi Rap-Touche, dat dreckegt gefeelt, an dat probéieren ech nees drop ze mixen. Et ass fir Kanner, mee et ass och vläicht net fir Kanner, well d'Lyrics vun de Rapper ginn net zenséiert, an dat ass e Widdersproch, dee mir gutt gefall huet.

Engersäits hues de déi Puppelcher oder Kanner, an op der anerer Säit hues de den Ol' Dirty Bastard, dee seng ruppegst Lyrics doriwwer späizt. Et huet mega Bock gemaach doriwwer ze mixen, op alle Fall.

Dat heescht, et kann een direkt net vun 100 prozenteg wäertvoller Pedagogie bei denger Versioun vun där Saach do schwätzen?

Et hänkt dovun of. Et ass jo op englesch an d'Kanner wäerten elo net direkt alles verstoen. Musek, Kultur ass jo och eng Zort Pedagogie, dat heescht eleng déi Kënschtler ze kennen an hire Web ze kennen, géif ech och zu enger gudder Erzéiung zielen, op alle Fall. Natierlech kann et och dozou kommen, datt Äert Kand duerno flucht.

Bobby Bieles, du hues virdru vun deenen 3-inch Placke geschwat, ech hunn och deen een anere klenge Clip vu Baby Bieles gesinn. Erziel ons mol eppes iwwer deng "Micro Machines", well et ass minimalistesch Musek, zwar elo nei vun dir gesamplet, awer och mat Instrumenter a Kanner Gréisst?

Déi hunn hiren Ursprong an den 60er an 70er Joren, wou d'Placke voll am Boom waren, an deemools haten d'Kanner déi kleng Plackespiller mat deene klenge Placken, op deene Lidder fir Kanner waren. Déi hu se fir Chrëschtdag kritt an et ass eng vun deenen 100.000 Saachen, déi ënnergaange sinn, an elo bréngt eng Mark déi nees nei eraus. D'Qualitéit ass um Start an ech hunn déi Instrumenter esou gehackt, datt een och kann digital Fichieren domat steiere mat serato a faze an open format 3D geprinten Adapter asw.

Ech sinn elo ready ganz Sets mat deene mini Plackespiller ze maache mat engem Laptop niewendrun. Ech plangen och iergendwellech Live-Optrëtter op Kannergebuertsdeeg ze maachen, alles steet op. Et ass mega interessant en neit Format ze kreéieren. Nei Bedingungen a nei Virschrëfte maachen et spannend ze remixen. Ze vill Technologie mécht d'Kreativitéit dout. Dofir: "Back to basics".

Jee nodeem wéi vill Succès dat Ganzt wäert hunn ass et jo dann och e komplett neit Konzept "Baby Bieles" by "Bobby Bieles". Lo huet "Rock A Bye Baby" e ganze Koup där Volummen eraus bruecht. Bass du schonn am Gaang un e nächste Volume ze denken?

Ech hunn eng Rei Tracks, déi ech fir dës Sendung gebraucht hunn, an eng ganz Rei, déi ech net gebraucht hunn, d.h. eng zweet Sendung ass definitiv méiglech. Mol kucken, wéi meng éischt ukënnt.

Ech schaffen ëmmer mam Feedback vun de Leit. Wa si dat hei lächerlech fannen, da war et, OK, da war et en "one shot". Falls ech awer elo iergendwellech Opträg kréien, maachen ech gären nach vill méi. Ech géif mech gären a verschidden Altere vun der Kandheet eraschaffen, mol kucken, vläicht kann een déi Jonk mat Hip-Hop erzéien, ech kucken, ech bleiwen drun.