Radioen

On air

Simon Says  |  Noir Désir - Des Visages Des Figures - L'enfant Roi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Auteursrechter an der Kris

Musek

Auteursrechter an der Kris

Déi sanitär Kris huet de Concertsorganisateuren, besonnesch deene privaten, staark zougesat an domat och de Museker. Enregistréiert Musek dogéint gëtt weider consomméiert. Datt d'Kënschtler hir Pertë vun den ausbleiwende Concerte kéinte mat den Auteursrechter vun hiren Opnamen ausgläichen, wier am Hibléck op d'Zuelen allerdéngs eng falsch placéiert Hoffnung, esou de Marc Nickts, Direkter vun der Sacem.

auto_stories

3 min

A verschidde Secteure sinn de Memberen hir Recetten ëm 70 bis 80 Prozent agebrach. Dat ass virun allem op d'Raritéit vu Concerten, mee och vu Manifestatiounen am Allgemengen zeréckzeféieren. Baler, Fester, Soiréeën a Clubbe sinn am Moment zou oder lafen ob Spuerflam. "Wa keng Manifestatioune stattfannen, da kënne mir als Sacem Lëtzebuerg och net op d'Auteursrechter intervenéieren."

Staark Verloschter

Dës Situatioun kënnt awer net iwwerraschend. Am staarken Tandem mat Sacem France, ee Partner, dee bei internationale Verhandlungen een Zousaz u Gewiicht bäisteiert, goufen direkt am Mäerz Mesuren ergraff, déi besonnesch staark betraffene Sacem-Memberen ënner d'Äerm gräife sollten. Dës waren eemoleg, net-remboursabel Hëllefen. "Vill Kënschtler zu Lëtzebuerg hunn nach aner Optioune vun Akommes, mee et gouf dovu Gebrauch gemaach", esou de Marc Nickts. Et besteet och d'Méiglechkeet, Avancen op Auteursrechter unzefroen, déi dat Joer drop da géifen ofgehale ginn. D'Aides à la création, der Sacem hir Hëllefe fir d'Produktioun vun neier Musek, gi weiderhin ugebueden an d'Mëttele goufe verstäerkt.

Aus der Pan an d'Feier?

De Sacem-Direkter lueft d'Innovatiounskraaft an d'Kreativitéit vun de Lëtzebuerger Kënschtler. Vu sozial distanzéierten Evenementer bis hin zu Online-Concerten a Festivallen hu si et gutt fäerdeg bruecht fir wéinstens de Public, a sech selwer, bei der Staang ze halen. Grad d'Online-Concerten hunn awer am Bezuch op d'Auteursrechter ee gravéierenden Nodeel, deen een net sollt iwwersinn. "Et ass scho laang een Debat, datt déi grouss Onlineplattformen déi eenzeg grouss Profiteure vun dëser Kris sinn, an net genuch bezuele fir geschützte Contenu, deen op hire Kanäl verëffentlecht gëtt. Haut sinn dat minimal Beträg am Cent-Beräich. Dës grouss Firme sinn net ugehalen, hir Recetten am Detail public ze maachen, wat eis Verhandlunge mat hinne ganz komplizéiert mécht." Fir éischt Ofhëllef ze schafen, kann ee bei der Sacem d'Wierker, déi bei engem Online Concert diffuséiert goufen, umellen. Dat hëlleft bei der Identifikatioun vun de Wierker, déi vun den Algorithme vu YouTube, Facebook a Co. nëmmen an der original Opnam erëmerkannt a comptabiliséiert ginn, net awer als Live Versioune vun deene selwechte Stécker.

Mee et geet net nëmmen ëm Eenzelschicksaler, ëm Hëllefsstellung, ëm Pléischteren. Déi wierklech Gefor ass eng aner: Lëtzebuerg ass ee Land, an deem vill Leit wëllen an der Museksbranche schaffen a sech an deene leschte Joren esouwäit professionaliséiert hu fir aus hir ee richtege Wirtschaftszweig ze maachen - een deen an anere Länner scho considerabel Proportioune vum PIB erreecht. Datt dëse Secteur, deen am Opbau stécht, Réckschléi akasséiere muss, ass eng reell Warscheinlechkeet, an dat géif vill wäertvoll Efforten aus deene leschte Joren zerstéieren.

Dofir mécht de Marc Nickts en Appell un d'Radioen, déi lëtzebuergesch Kënschtler nach méi wéi soss eng Plaz am Programm ze reservéieren.

"Et ass jiddweree gefrot matzehëllefen, datt d'Kreatioun - an déi kulturell Diversitéit, déi mat hir Hand an Hand geet - net duerch d'Impakter vun dëser Kris verluer ginn."