Den Titel vum Album "Wat Rap" wier eng Fro, seet den Tommek: "Wat ass Rap hei zu Lëtzebuerg?" Hie géif vill ze dacks héieren, datt Lëtzebuerger Musek "net feierbar" wier. Säin neien Album wier "eng héich duerchproduzéiert Äntwert op déi domm Fro.
Dat ganzt Gespréich:
Dat wier awer net d'Theema vum Album. Et géif ëm positiv Saache goen, seet den Tommek. Trotzdeem zitt sech eng gewëss Aggressivitéit duerch déi 16 Tracks. Hien hätt wéilte Lidder maachen, déi vill Energie hunn. "Heiansdo si mir en Tour duerch de Studio gelaf, fir datt mir ausser Puste sinn, fir en Take opzehuelen." Den Album wier entstanen, "fir d'live Concerten opzepeppen."
Um Virgänger "Tëschent Humor a Wouerécht" huet de Rapper méi konkret Geschichten erzielt. Déi nei Lidder sinn aus Textfatzen zesummegesat, déi hire Sënn net einfach offenbaren. Dat géif dru leien, datt alles méi vun der Long op d'Zong entstane wier. "Zum Beispill no Concerte sinn ech heem gefuer an hunn nach eng Demo opgeholl. Oder moies no enger Nuecht mat Kolleegen ... zack op de Laptop." Hien hätt manner op e Blat geschriwwen, dofir géifen d'Texter méi fragmentéiert kléngen.
Den Tommek huet mat ganz ënnerschiddleche Produzente geschafft. Nieft Kolleegen aus dem Stayfou-Kollektiv sinn zum Beispill och Kollaboratioune mam Sacha Hanlet alias Them Lights um Disk ze fannen.