Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Art Of Noise - Moments In Love

Sample vun der Woch

Art Of Noise - Moments In Love

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

1983 huet Art Of Noise "Moments In Love" erausbruecht. Art Of Noise ass eng englesch experimentell Grupp. Si si bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou.

Si si Pionéier an der Art Sampling mat traditionellem Songwriting ze vermëschen, dat Ganzt e lëschtege Pot-pourri. Hir Musek ass eng Fusioun vu ville Genrë wéi Hip-Hop, Rock, Jazz, R&B, traditionellem Pop an diverse Sounds.

Si gläichen anere Kënschtler wéi Malcolm McLaren oder Jean-Michel Jarre zu där Zäit, mee mat enger méi rockeger Approche. Si sinn am Ufank meeschtens anonym mat Masken opgetrueden, si wollten d'Musek an den Vierdergrond setzen.

D'Häerzstéck vun hirer Grupp war deen deemools ganz neie Fairlight Music Computer. Op hirer éischter EP "Into Battle With The Art Of Noise" setze si de Grondsteen fir vill aner Genren, déi eréischt méi spéit wäerten optauchen, natierlech Hip-Hop, mee och industriell Musek, Techno, oder souguer Breakbeat.

Hire bekanntste Moment ass warscheinlech "Moments In Love". Et ass eng zéng Minutte sensuell instrumental Pop Ballade. Déi puer éischt Sekonne vun dësem easylistening Pop Song goufe laut Google 137 Mol gesampelt. All Genre huet dës Musek gesampelt, hei véier Beispiller vu Rap, Techno, Grime a souguer Screwed and Chopped.

Den DJ Screw huet säin "Tell Me Something Good" aus dësem Sample gemaach. Hien ass den Erfinder vum Screwed and Chopped Mix-Style, andeems et dorëms geet Lidder plus ou moins 30 Prozent méi lues ze spillen, wärend ee verschidde Scratch- a Mixtechnicken uwent fir d'Musek ze dekonstruéieren.

Hien huet Honnerte vu Mixtapes ënner deem Konzept produzéiert. Et geet hei ëm eng gemixte Kompilatioun vum DJ Screw, déi "Bigtyme Vol II All Screwed Up" heescht. Et ass ee vu senge populäerste Mixtapen, an dëst Lidd ganz besonnesch: "Tell Me Something Good". Hie remixéiert hei en Originallidd vun UGK a benotzt dofir den Art Of Noize Sample, natierlech ganz erofgepitcht.

De Produzent Salaam Remi huet de Sample och benotzt, an zwar fir dem Biz Markie säi "Studda Step" ze produzéieren. Biz Markie ass ee vun den inventiivste Rapper aus der golden-age Hip-Hop Era, dat heescht vun Enn den 80er bis Ufank d'90er.

Hien ass e witzegen, kreativen, talentéierten MC an Entertainer. Deen doten Titel huet et op keen Album geschafft, dofir ass en hei op senger éischter Best-of Kompilatioun "The Best Of Cold Chillin' Biz Markie", déi am Joer 2000 bei Cold Chillin' Records erauskoum.

En anert Beispill vun der Utilisatioun vum Sample ass d'Lidd vun Dj Godfather & Starski, "Moments", bei Databass Records aus Detroit erauskomm. Databass war ee vun de bescht organiséierte Labele wat Ghettotech an Bootyhouse ugeet. D'Lidd gouf eng Ghettotech Hymne Ufank den 2000er.

Den DJ Godfather ass ee vun de Veterane vun dësem Subgenre. Ghettotech ass e bëssen den Nofollger vun der Miami Bass, gemëscht mat Techno Elementer. Dat Ganzt méi séier gespillt, bis zu 160 BPM!

Den DJ Spooky huet och eng Grime Versioun draus gemaach. Spooky ass ee vun de bekanntste Londoner Grime DJs. Hien huet all Méindeg seng Sendung GrimeyMondays beim engleschen Nationalradio. Hie schrauft de Sample op ganzer 70 BPM erof a mëscht en interessante Mix tëschent Grime an Trap.