Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ André Jolivet rebelote

Musek

André Jolivet rebelote

Eng Intégrale mat der Musek vun engem Komponist, dee selwer net Flüttist war, fir d'Instrument awer eng Sympathie hat, dat huet d'Hélène Boulègue, Musekerin am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, besonnesch gereizt. Am Laf vum Diske-Projet huet si de Personnage André Jolivet besser kennegeléiert - e Mënsch, dee sech fir Villes interesséiert huet, deen op war fir nei Iddien - e Charakterzuch, deen d'Flüttistin ganz besonnesch schätzt. Elo huet si den zweeten Disk mat Wierker fir Flütt vum André Jolivet publizéiert.

auto_stories

2 min

Fir d'Hélène Boulègue ass den André Jolivet och no hirem zweeten Album nach e Personnage, bei deem si ëmmer erëm nei Aspekter géif kenne léieren. Si hätt well vill vu senge Schrëfte gelies, seng Musek gelauschtert an dat, wat hie fir Flütt geschriwwen huet, am Detail analyséiert. Trotzdeem wier si nach wäit dovu fort, alles iwwer de Komponist ze wëssen.

"Eng vun de Saachen, déi ech an Zukunft gäre géif maachen, wier vill méi wéi nëmme seng Musek ze presentéieren, mee de Mënsch am Ganzen."

Einfach ze vermëttelen

Seng Stécker wiere liicht ze exportéieren, seet d'Hélène Boulègue. Och u Leit, déi net d'Gewunnecht hätten, a klassesch Concerten ze goen. Virun allem kéint ee seng Stécker fir Flütt-Solo ausserhalb den übleche Concertssäll presentéieren, well een net op Instrumenter ugewise wier, déi stationär sinn.

"Mir ginn d'Iddien net aus, fir mech nach méi déif mam André Jolivet senger Musek ze beschäftegen."

Eng breet Panoplie

Den éischten Disk hat d'Hélène Boulègue dem Jolivet senge Stécker fir Flütt-Solo an am Duo mam Piano dediéiert. Op der zweeter Sortie am Kader vun hirer Intégrale proposéiert si d'Flütt a Kombinatioun mat méi ënnerschiddleche Besetzungen.

"Um zweeten Disk ass de Rescht vun de Stécker fir Flütt, déi den André Jolivet geschriwwen huet: Seng Kammermusek a säi Concerto. [...] Déi grouss Erausfuerderung bei dësem zweeten Disk war et, alleguerten d'Museker an d'Datume fir d'Prouwen an d'Opnamen ze fannen."

Keng einfach Produktioun

Stress wier och entstanen, well verschidde Museker kuerz virun den Opnamen hätte missen ofsoen, ënner anerem well een en Accident gehat hätt, an een anere sech verletzt hätt. No all de kuerzen Nuechten, déi d'Hélène Boulègue duerch d'Produktioun vun dësem Disk hat, wier si immens glécklech, datt en elo erauskomm ass.


Lauschtert den CD-Tipp mat engem Extrait aus der Jolivet-Intégrale hei.