Radioen

On air

Tockcity  |  Omni - Intl Waters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "And the winner is ..."

International Classical Music Awards

"And the winner is ..."

321 Nominatiounen, dorënner dräi Lëtzebuerger Produktiounen. An um Enn 17 Gewënner an eng Rëtsch Spezialpräisser. Dat ass de Cru 2017 vun den International Classical Music Awards. De radio 100,7 ass Member vum internationale Jury.

auto_stories

2 min

Et kënnt manner op déi sougenannt Mainstream-Programmen un. De Meloman ass virwëtzeg op manner bekannten, deels bis dato nach net entdeckte Repertoiren an dat ass och den Interêt vun den Diskenhaiser. Net fir näischt huet Naxos eng CD mat Musek vun der Lou Koster erausbruecht, enger Lëtzebuerger Komponistin, déi kaum zu Lëtzebuerg an nach manner doriwwer eraus bekannt ass.

Qualitéit viru Quantitéit

Den ICMA-Jury, dee sech aus Fachjournalisten aus dem Beräich Print, Web a Radio aus 14 Länner zesummesetzt, hat et net einfach säi Choix ze maachen. Bei den International Classical Music Awards spillen Nimm an déck Verkafszuelen nämlech keng Roll. D'Qualitéit vun der Interpretatioun, vun der Opnam an d'Wiel vum Programm sinn d'Critèren, déi an d'Spill kommen. Et muss een als Kënschtler an als Label deemno schonn eppes bidden, fir iwwerhaapt emol eng Nominatioun ze kréien.

Dräi Lëtzebuerger Produktiounen haten dësen éischte Schratt gepackt: den Joint Venture Percussion Duo, den Trio Koch, de Wave Quartet. Eng Nominatioun bei den ICMA ass fir d'Kënschtler an hir Labele schonn eng Auszeechnung, déi se mat Houfert op hiren jeeweilegen Supporten och affichéieren.

No dräi Ofstëmmungsronnen, stoung um Enn d'Resultat mat de Gewënner an deenen eenzelne Kategorien, déi vun der Barockmusek bis bei déi bescht DVD-Produktioun ginn, fest.

Nieft eenzelne Produktiounen ass et den ICMA och een Uleies, jonk Kënschtler ze fuerderen: Young Artist of the Year sinn d'Sopranistin Elsa Dreisig an d'Pianistin Sophie Paccini; den Discovery Award kritt de Pianist Robert Neumann, an ee Spezialpräis gëtt et fir den Ensemble Esperanza, den Ensembel vun der Musek-Akademie vu Liechtenstein.

D'Galasoirée mat Präisiwwerreechung ass den 1. Abrëll am Gewandhaus zu Leipzig mam Gewandhausorchester.

All Detailer zu de Gewënner fannt Dir um Site: www.icma-info.com/winners-2017