Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hush Moss – Flashback a Pastelltéin

Album vun der Woch

Hush Moss – Flashback a Pastelltéin

De "Retrofacteur" ass an der Musek vun haut alles anescht wéi nei. Déi israelesch Hipster vu Hush Moss presentéieren op "It takes a lot" genau dee Sound. En ass diskutabel, mee kléngt einfach gutt.

auto_stories

2 min

Hush Moss – Retrosound, diskutabel, mee gutt ze lauschteren (Foto: Luna / Facebook)

"Too slow to Disco" – esou heescht den inoffizielle Motto vun der Grupp vun ausgebilte Museker, déi sech zu Berlin als Hush Moss zesummefonnt hunn a schonn virun enger Zäitchen déi hallef Stonn Musek ënnert dem Titel "It Takes A Lot" opgeholl hunn. De Frontmann, oder besser Frontstëmm, ass den Eden Leshem, deen als Haaptkreativkapp aacht Leit ënnert senger Tutelle huet.

Dat Konschtstéck, dat hien hei mat senge Kollege fäerdeg bréngt, ass et, eng Zäit nees opbléien ze loossen, déi et an där Form net méi wierklech gëtt. Et geet ëm déi spéit 70er bis Mëtt 80er Joren. Den Discosound ass esou lues awer sécher ausgestuerwen. Déi Jonk, déi deemools dorops gedanzt hu sinn alleguerten ënner Thatcher a Reagan schaffe gaangen an hunn an hire Pastell-Kostümer an iwwerdimensionéierten Telefonen déi zum Deel privatiséiert Welt onsécher gemeet – Yuppien, quoi.

Flashback an d'80er

D’Biller vun dëser Zäit ginn natierlech vun der Musek generéiert. D'Pilieren aus der 80er-Popgeschicht sinn omnipräsent um Hush Moss-Album. Op enger Plaz héiert een zum Beispill de Geescht vum Robert Palmer mat sengen 72 Dickelcher ronderëmfléien, op enger anerer héiert een de Versuch vun enger musikalescher Präzisioun à la Steely Dan. Déi kënnt dohier, dat d’Jonge vun Hush Moss alleguerten diploméiert Museker sinn.

Zwou Saache sinn awer kuerz ervirzehiewen: Éischtens, dem Eden Leshem seng wonnerbar Stëmm huscht mat engem blue-eyed Swagger konstant iwwert déi aacht Songs – oder den 30 Minutten – vun dësem kuerzweilegen Disque. Hien hält domatt den Disque, och a senge manner memorabele Passagen, am Ellenggang zesummen.

Saxophon huet eng Palette!

Instrumental steet den Dolev Nashoom Sanbira dann dem Leshem an näischt no. Mat sengem Saxophon prägt oder verseucht hien, jee nodeem wéi ee perséinlech zum Saxophon steet, mat sengem Spill déi ganz Plack. Mol kléngt hien no "Careless Whisper" vu Wham!, mol no "Us And Them" vu Pink Floyd. Et soll kee soen, dat Instrument hätt keng Palette!

D’Spill mat der Ironie ass bei Hush Moss een net onwichtege Bestanddeel vum Sound. Natierlech kléngt d’Musek immens kitscheg, cheesy, mee zynesch ass bei Hush Moss guer keen. Dofir ass d’Exekutioun ze propper an d’Kopie ze perfekt. Eng Kopie, manner vun engem präzise Kënschtler oder Band, dofir éischter vun engem ausgestuerwenen Zäitgeescht. An et ass dowéinst, datt een iwwer dem Lauschtere Pastell a glat Biller am Kapp huet.