Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: 'Tresor' vun der Gwenno

Musikalesch Sprooch-Konservéierung

Album vun der Woch: 'Tresor' vun der Gwenno

Als Musekerin huet d'Gwenno sech an den Nuller-Joren en Numm als Member vun der Indieband "The Pipettes" gemaach. Mat där hirem zockerséissen 60s-Motownpop huet si näischt méi ze dinn. Hiren neien Album "Tresor" ënnersträicht vill méi hir musikalesch Entwécklung ewech vum Mainstream an e méi experimentelle Pop-Millieu, an dat op enger regionaler Sprooch aus dem Südweste vun England.

auto_stories

3 min

Lénks ee Graffiti vu der Gwenno zu Cardiff, riets eng Foto vun hir. Foto: Llywelyn2000, CC-BY-SA Wikimedia Commons

Wie beim Lauschtere vun "Tresor" Problemer huet, d'Texter ze verstoen, ka sech tréischten - et dierft deene meeschten esou goen.

Eng Artistin déi op regionale Sprooche séngt

D'Gwenno Saunders, wéi d'Musekerin mat vollem Numm heescht, séngt op hirem neien Album nämlech op "Cornish", der regionaler Sprooch aus dem Cornwall. Si ass zwar a Wales opgewuess a Walisesch ass och hier Mammesprooch, mee hire Papp ass ee Poet, dee gréisstendeels mat der kornescher Sprooch schafft.

Kornesch ass eng al, keltesch Sprooch, déi ursprénglech am Südwesten vun Groussbritannien, am Cornwall geschwat gouf. Scheinbar ginn et haut knapp dausend Persounen, déi d'Sprooch wierklech fléissend beherrschen.

Et ass awer net déi éischte Kéier, datt d'Gwenno op Kornesch séngt: schonn hire leschten Album war an dëser Sproch an huet dann och eng gewëss Begeeschterung fir dës ausgeléist. De "Cornish Language Board" huet uginn, datt et no dem Release eng Hausse vu 15 Prozent an de kornesche Sproochecoursen gouf.

Hiren éischte Soloalbum, deen 2014 rauskoum, war iwwregens gréisstendeels op Walisesch, et ass also keng nei Entwécklung bei der Gwenno, déi eigentlech ëmmer schonn an dësen zwou Sproochen eng musikalesch Heemescht fonnt huet.

En introspektiven Disk mat perséinlechen Ablécker

De Gesang op regionale Sprooche mécht et natierlech net méi einfach, hir Texter ze verstoen. Mee glécklecherweis ginn et e puer Iwwersetzungen an Erklärungen zum Album, an doraus kann een deiten, datt et sech hei ëm een zimmlech introspektiven Disk handelt.

Den Album gëtt effektiv ganz perséinlech Ablécker, zum Beispill séngt d'Gwenno iwwer hir Roll als Mamm oder d'Spannungsfeld tëschent weiblechem Verlaangen an haislechem Liewen.

De Gros vun den Texter gouf zwar scho virun der Pandemie geschriwwen, mee d'Isolatioun am Lockdown huet déi intim Stëmmung um Album natierlech nach eemol verstäerkt. Den Album ass zimmlech verdreemt a kaleidoskopesch.

Den Album als Deel vun engem kënschtleresche Gesamtwierk

Den Term "Album" trëfft awer och net ganz zou, well eigentlech ass Tresor e Konschtprojet. Et gëtt nämlech och nach e Film, deen Deel vum Gesamtwierk ass. Dësen ass inspiréiert vun de Filmer vun der franséischer Regisseurin Agnès Varda an dem Surrealist Alejandro Jodorowsky. An dat spigelt och d'Musek ganz gutt zeréck, déi e Krack un Dreampop an Psychpop Acts ewéi och u Broadcast oder Melody's Echo Chamber erënnert - wann och méi douce a folkeg.

Op Tresor sti méi introspektiv oder existenz-philosophesch Froen a Gedanken am Fokus, mee et gëtt zum Beispill och ee Lidd, dat d'Gentrifizéierung an der Gwenno hirer walisescher Heemescht kritiséiert. An dat knäppt och un hiren Debutalbum un, deen éischter eng Kritik un den haitegen Zoustänn oder besser gesot Mëssstänn war.