Radioen

On air

Notturno  |  Call Super & Julia Holter - Illumina

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: 'Florist' vu Florist

An der Gebuergenheet vun de Bandkolleegen

Album vun der Woch: 'Florist' vu Florist

Mat hirem mëttlerweil véierten Album melle sech d'New Yorker Indiefolker Florist zeréck. Et ass ee couragéierte musikalesche Virstouss an déi perséinlech Vulnerabilitéit an an d'Gléck vum Mateneen.

auto_stories

3 min

Virun dräi Joer koum de leschten Album vun der Indiefolkband Florist eraus, woubäi "Emily Alone" - den Titel verréit et schonn - een éischter ongewéinlechen Disk war.

Ongewéinlech, well just d'Frontfra Emily Sprague un dësem geschriwwen a geschafft huet. Obwuel si och als Solokënschtlerin Musek mécht, wollt si den Album awer als Florist erausbréngen.

Hir dräi Bandkolleege géingen zwar net um Album spillen, mee hir Presence wier awer um Album ze héieren, esou d'Sprague, déi deemools den Dout vun hirer Mamm veraarbecht huet an an d'Isolatioun geflücht war. D'Sprague seet de Verloscht vun hirer Mamm hätt bewierkt, datt si sech aus Angscht aus alle mënschleche Relatiounen zeréckgezunn hätt.

E Retour an d'Liewen

Den neien, no der Band benannten Album "Florist" ass elo de Retour an d'Liewen an an d'Vulnerabilitéit, déi sech doraus ergëtt.

Och wann et wéi deet aner Léit ze verléieren, d'Freed iwwer Mateneen ass dach méi grouss a genee dorëm geet et der Sprague no op dem néien Album.

"Florist" ass awer kee Géigestéck zu "Emily Alone", et ass vill méi eng weider Ausernanersetzung mat dem Trauma - dës Kéier an der Gebuergenheet, déi hir d'Bandkolleege liwweren.

Natur als fënnefte Bandmember

"Florist" ass an engem klengen Haische matten an der Natur vun der New Yorker Hudson Valley entstanen, an dës ländlech Idylle ass och däitlech um Album erauszehéieren.

Ganzer 19 Lidder ëmfaasst den Disk, méi wéi d'Hallschent vun dëse sinn awer instrumental an experimentell Stécker oder Interludes, déi dacks aus Field Recordings oder den Ambientkläng vun der Emily Sprague bestinn.

De Reen, d'Insekten, de Gesang vun de Villercher, d'Raschele vun de Blieder a Beem - si all sinn um Album ze héieren a schafen eng ganz intim Atmosphäre, et kéint ee bal mengen et séiz ee mat Florist op der Veranda am Hudson Valley.

Am Song "Red Bird Part 2", deen der Emily Sprague hir Liewensgeschicht vum Point de Vue vun hirem Papp erzielt, héiert ee wéi sech de Spatzegesang an d'Melodie vum Song agliddert - keng raffinéiert Studioaarbecht mee einfach e besonnesche Moment, dee live opgeholl gouf.

Op Florist fënnt d'Band net nëmmen nees zesummen, si gëtt och nach ëm e fënnefte Member ergänzt an zwar d'Natur, déi sech hei - douce wéi e Moosteppech - iwwer d'Instrumenter an d'Stëmme leet.

Fazit

Mat Zäiten erënnert "Florist" och wéinst sengem Opbau a senger Längt un de leschten Album vun den Indiefolker Big Thief, och wann "Florist" méi stringent a roueg bléift.

Eenzeg am Song "43" duerchbrécht d'Gittar déi onopgereegte Grondstëmmung a spillt sech an een explosive Solo.

"Florist" ass keen Album, deen een esou en passant lauschtere sollt, vill méi stécht d'Unzéiungskraaft vun dësem Wierk a senge klengen Detailer, déi sech duerch d'Lidder zéien.

D'Emily Sprague selwer seet, hir wier et wichteg gewiescht, datt de Fokus net op eenzele Singles läit, mee datt een den Album als Ganzt soll begräifen a lauschteren.

D'Frontfra ass och nees zeréck an hir New Yorker Heemescht geplënnert, zeréck dohin, wou d'Trauer si virun e puer Joer nach verdriwwen hat.

"I found what it means to be moving on / Coming from the thing I knew as love" heescht et am Schlësselstéck Sci-Fi Silence. D'Emily Sprague stellt sech der Verletzlechkeet op "Florist" mat doucer Radikalitéit - an mat dräi Bandkolleegen, déi si sou séier net méi mëssen well.