Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: En energiegeluedenen Disk

Katy J Pearson - Sound Of The Morning

Album vun der Woch: En energiegeluedenen Disk

Wéi kléngt de Moien? Bei der Katy J. Pearson hirem neien Album kéint ee mengen, no Léit, déi schonn um sechs Auer d'Lafschong un hunn.

auto_stories

3 min

Et ass een energiegeluedenen Disk vun der Katy J Pearson, besonnesch den Track "Talk Over Town". D'Gittare sinn hei e bësse méi haart, d'Drums eng Grëtz méi séier, wéi een dat bis elo vun hir gewinnt ass. An awer fänkt den Album mam Titeltrack "Sound of the Morning" ganz douce a besënnlech un. Eng akustesch Gittar, e puer Fluten an natierlech der Katy J Pearson hier Stëmm, déi mat Zäite sou herrlech kannereg an nasal kléngt an e wéineg un d'Stëmmakrobatik vun der neiséilännescher Musekerin Aldous Harding erënnert. Eigentlech feelt hei just nach e wéineg Vullegesang a vläicht e puer Harfkläng fir den idylleschen Dagesufank. An sou ass "Sound of the Morning" och en Album fir déi, déi méi roueg an den Dag starte wëllen.

Et ass réischt den zweeten Album vun der Katy J Pearson a si ass och guer net presséiert fir elo ganz séier immens bekannt ze ginn - au contraire. An engem Interview sot si, datt si nach souvill léiere kann a sech guer net wëll stresse loosse fir lo eppes komplett anescht ze maachen, just fir ze beweisen, datt si et kann. Amplaz dauernd ze changéieren, setzt si op eng natierlech Progressioun an dat héiert een hei um Album och ganz kloer. Hiren Debutalbum "Return" koum virun zwee Joer eraus an d'Katy J Pearson krut doropshin sou e gewëssen Americana a Countryimage verpasst, vun deem si sech mam néien Album e Stéck wäit léist."Sound of the Morning" ass net radikal anescht wéi säi Virgänger, mee et héiert ee méi musikalesch Aflëss eraus an mam Song "Howl" ass souguer een Electropopstéck vertrueden, op deem d'Synthesizer ausgepaakt ginn.

Sech un der batterséisser Säit vum Liewen orientéieren

Textlech ass den Album immens divers, si séngt hei iwwert d'hypnotiséierend Moiesstonnen, schwéier Liewensentscheedungen oder Relatiounen, hir eege Roll als Musekerin, awer och iwwer sexuell Iwwergrëffer. Et ass sécherlech kee rénge Feel Good Album, a awer si vill vun de Lyrics nees vun der Katy J Pearson hirem Charme a Witz duerchzunn. Och hei dominéieren hir poetesch Alldagsobservatiounen a lyresch Gedankegäng, déi - wéi si selwer seet - sech un der batterséisser Säit vum Liewen orientéieren.

Mat "Willow's Song" ass ganz um Schluss nach e Cover vun engem Lidd aus dem Film "The Wicker Man" - een Horrorfilm aus de 70er-Joren - vertrueden. Am Original eng gespenstesch Ballad, verwandelt d'Katy J Pearson et hei an e pulséierend Indierockstéck. Also Danzschweess amplaz Angschtschweess. Sou kann den Dag ufänken.