Radioen

On air

Espresso Beats  |  Quantic - Run (feat. Andreya Triana) Sofia Kourtesis Remix

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aamar - Mango Brown

Musek

Aamar - Mango Brown

Wie sech fir elektronesch Musek aus Lëtzebuerg interesséiert, kënnt net laanscht den Aamar. Als Protégé vu Sun Glitters huet hie sech séier en Numm an der Zeen gemaach. "Brown Mango" heescht dem Produzent säin neistent Wierk. E Mini-Album mat siwe Lidder, deem säi Benefice den Artist un eng Organisatioun spent, déi sech sech fir Afro-Descendenten zu Lëtzebuerg asetzt.

auto_stories

4 min

Eng brong Mango fir de gudden Zweck: Dem Aamar seng leschten EP Mango Brown invitéiert den Nolauschterer op eng ambient Rees. De Kaf vun der EP ënnerstëtzt Finkapé, eng Associatioun, déi sech fir Afro-Descendenten zu Lëtzebuerg asetzt. De Lëtzebuerger Produzent mat kapverdianesche Wuerzele mellt sech zeréck mat enger EP, déi een dreeme léisst. Den Aamar alias Twin Xxa mécht zanter 2011 musikalesch op sech opmierksam. Den Amar Tavares kombinéiert dorop Elementer vu Soul an Hip-Hop mat enger elektronescher Basis. Déi siwe Stécker loosse sech genéissen, wéi e Picknick dobaussen op engem waarme Summerdag.

Emotionell & Gedanke fräi lafe loossen: D'EP am Duerchgang

"Mango Brown" fänkt op enger emotioneller Nout un. Den éischten Titel "Togetherness" geheit den Nolauschterer direkt an eng dreemeresch Atmosphär, déi en iwwer déi ganz Spillzäit iwwer begleet. Déi verschidden harmonesch Kompositioune féieren duerch eng villfälteg Emotiounswelt vun Elektro-Soul.

Vum sonnege zweeten Titel "Kel Minia", geet et eriwwer op ee méi progressiv-minimalisteschen Interlude. Deem seng Intensitéit an hypnotesch Wierkung bereeden op de Recht vun der EP vir.

De véierten Track "Mango Brown" bréngt eng Dance Influenz zum Virschäi, ouni datt déi bis dohin opgebauten Ambiance verluer geet. Och beim nächste Lidd "Self Care" invitéiert den Aamar mat déiwe Frequenzen zum Dreemen an Nodenken.

De sechsten Titel "Effel Brune" ass eng spontan Kollaboratioun mam Gittarist Eric Foyer. Dësen Track géif am meeschte vu senger musikalescher Identitéit erëmspigelen, seet den Aamar.

Esou verdreemt wéi et ugefaangen huet, hält d'EP och op: "Lucid Dreams" huet keng Drums, dofir awer d'entspanend Wierkung vun engem Gutt-Nuecht-Téi an domadder schléisst den talentéierte Produzent eng generell agreabel EP of.

Musek géint de Rassismus an Diskriminatioun

Den Aamar spent de Benefice vu "Mango Brown" un d'Associatioun Finkapé. Den Artist gesäit an deem Projet e Moyen fir säin Deel bäizedroen am Kampf géint de Rassismus an d'Diskriminatioun zu Lëtzebuerg. Hie fënnt et schued, datt Finkapé gréisstendeels duerch d'Mataarbecht vu Fraen ënnerstëtzt géif ginn. Dofir hätt hien als männlechen Artist gär hirer sozialer Cause gehollef. Dofir hätt dëse Projet eng speziell Bedeitung fir hien. "We come in different shades", esou den Aamar. Et géif zwar ëm "brown" am Bezuch op Afro-Descendenten an hir Hautfaarf goen, mee Mënsche géifen an alle Faarwe kommen. Bei der Mango géif een och net esou genee op d'Faarwe kucken, obwuel se verschidde Faarwen huet. Mat dësem Projet ënnersträicht den Aamar säin Asaz fir Multikulturalitéit an Toleranz.

Keen Onbekannten um Terrain

De jonke Produzent huet sech iwwer déi lescht zéng Joer een Numm gemaach op national an internationale Bünen. Zemools am asiatesche Raum huet hie schonn als DJ getourt. 2006 huet den Aamar ugefaange Beats ze produzéieren, deemools nach nom Motto vun der aler Schoul: Nëmme Placken a Sampler. Mëttlerweil benotzt den Aamar awer och Computer a Software a Kombinatioun mat senger Drum Maschinn. Obwuel hie mëttlerweil méi elektronesch Stécker produzéiert géif Hip-Hop seng musikalesch Haaptinfluenz bleiwen. Ikone wei den J Dilla an de Pete Rock wieren nach ëmmer grouss Virbiller, esou den Aamar. Mat weideren Influenzen aus der Afrokultur ënner anerem Soul, Jazz, RnB 2000's an Elektro, beweist den Aamar eng musikalesch Villfältegkeet.

Erwaardung fir d'Zukunft

De Lëtzebuerger misst seng lokal Museker méi ënnerstëtzen, seet den Aamar. "Heiansdo si méi Belsch op menge Concerten, wéi Lëtzebuerger." Lëtzebuerg hätt zwar eng extreem kleng Zeen, dofir géif een als Museker awer vill Ënnerstëtzung vum Staat kréien. Dat wier anere Länner net an deem Mooss de Fall. De wierkleche Problem wier, datt déi lokal Musekskultur vum Public net déi néideg Opmierksamkeet géif kréien. D'Lëtzebuerger misste sech Zäit huele lokal Artisten ze ënnerstëtzen, wéi si et och bei internationale Showe maache géifen. Nëmmen esou kéinte Museker wéi hie wierklech vun hirer Konscht liewen. Zemools elo wärend der Pandemie wier et schwéier, well hie genee esou wéi vill vu senge Musekskolleegen um Stopp stoe géif.

Den Aamar mécht fir den nächste Projet sengem alias Twin Xxa Plaz fir eng Release am Dezember. Deen zu Lëtzebuerg opgewuesse Produzent mat kapverdianesche Wuerzele mellt sech zréck mat enger EP, déi een dreeme léisst.

Den Aamar alias Twin XXa mécht zanter 2011 musikalesch op sech opmierksam. No verschiddenen internationalen Experienzen huet hien den 22. September eng EP erausbruecht, déi op elektronesch Ambiente Kläng baséiert. Trotz der elektronescher Basis, huet den Amar Tavares et awer fäerdeg bruecht, Elementer vum Soul an Hip-Hop mat där Basis ze kombinéieren. D'Resultat ass eng atmosphäresch EP mat siwe Beats, déi sech genéisse loossen, wéi ee Picknick dobaussen op engem sonnegen Dag.