Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 50 Joer Euroradio Music Exchange

Live Musek um Radio

50 Joer Euroradio Music Exchange

Duerch den Euroradio Music Exchange stellen ëffentlech-rechtlech Medienheiser sech zënter 50 Joer Opname vu Concerte géigesäiteg zur Verfügung. Ugefaangen huet de Projet 1967 mat enger Serie vu siwe Concerten, déi vun dräizéng Organisatiounen diffuséiert goufen. Haut huet de Reseau 73 Memberen a 56 Länner an et ginn eng 3.000 Opnamen am Joer ausgetosch.



auto_stories

3 min

An de leschte 50 Joer hätt d'UER sech fir d'Radioen zu enger Referenz net nëmme fir klassesch Musek, mä och fir Jazz, Rock, Folk a World Musek entwéckelt, esou de Graham Dixon, Responsabele fir de Radio bei der UER.

De radio 100,7 stellt regelméisseg Concerte vum Orchestre Philharmonique a vun de Solistes Européens, Luxembourg zur Verfügung a benotzt Concerte vun anere Memberen, zum Beispill ëmmer samschdes owes an der Emissioun Soundcheck.

D'Zesummenaarbecht tëscht de Memberen hätt dem Reseau et erlaabt, vill méi grouss ze ginn, wéi d'Grënner sech dat hätte virstelle kennen, seet de Graham Dixon. Zënter dem Aféiere vun digitaler Technologie wier den Echange vu Contenu vill méi einfach ginn.

Duerch déi séier Entwécklung an der Technologie géifen awer och ëmmer erëm nei Erausfuerderungen opkommen, bei deenen d'UER hir Memberen ënnerstëtze wéilt, esou de Graham Dixon. Virun zwou Woche wier zum Beispill e Grupp gegrënnt ginn, dee sech mat de Méiglechkeete vun de smart Home-Systemer a kënschtlecher Intelligenz géif befaassen.

Pop ass beléift

D'Union Européenne de Radio-Télévision huet fir de 50. Anniversaire vum Musek-Austosch eng Ëmfro mat de Membere gemaach, fir erauszefannen, wéi si d'Offer vun der UER notzen, a wéi eng Musek am Allgemengen diffuséiert gëtt. Pop- a Rock-Musek kritt deemno déi meeschte Spillzäit.

"Vill Opnamen a Concerte vu Populärmusek si mat kommerziellen Interessie verbonnen. Dat mécht d'Saach méi schwéier, well d'Opnamen zum Beispill och um Marché kéinten opdauchen."

Dowéinst wier et bei kommerzieller a populärer Musek virun allem wichteg, grouss Evenementer ze couvréieren. D'UER hätt zum Beispill ganz kuerzfristeg d'Rechter fir de One Love Concert zu Manchester kritt, deen d'Pop-Musekerin Ariana Grande zu Éiere vun den Affer vum Attentat den 22. Mee 2017 gespillt huet. 19 Memberen hätten hire Programm geännert, fir dëse Concert anzeplangen.

Demande no Nischen

D'Presenz vu musikalesche Genre wéi Heavy Metal an der Ëmfro huet déi Responsabel bei der UER iwwerrascht. "Fir eis ass et eng Erausfuerderung, fir d'Entwécklungen am musikalesche Goût vun eise Member-Radioen an hiren Nolauschterer nozevollzéien", seet de Graham Dixon.

Och d'Demande fir Hip-Hop Musek wier eropgaangen an dorop wéilt ee reagéieren. Och fir elektronesch Danzmusek géif e groussen Interessi bestoen. An deem Beräich hätt een zum Beispill eng Zesummenaarbecht mam Tomorrowland Festival an der Belsch lancéiert.

An Zukunft wëllt d'UER d'Offer vu Musek vun ausserhalb vun Europa diversifizéieren, seet de Graham Dixon. Et hätt een zum Beispill e Projet fir Ramadan-Musek lancéiert an et wier een am Gaangen eng Zesummenaarbecht opzebauen, fir eemol am Joer Concerte fir d'Chinesescht Neit Joer ze diffuséieren. Et wéilt een och méi Live-Iwwerdroungen organiséieren.


2016 huet de radio 100,7 27 Concertsenregistrementer an de Reseau gespeist. 124 mol goufen d'Opname vu Membere vun der UER erofgelueden. De radio 100,7 huet 241 Concerte vun anere Memberen ugefrot.

Timeline: Sou huet sech de Music Exchange vun der UER an de leschte 50 Joer entwéckelt