Eng Liedersjackett, e Schnurres an eng déck Päif am Bak: e Rebell stellt ee sech aneschters vir. An trotzdeem waren dem Georges Brassens seng Lidder deemools esou vulgär, datt se bis 1967 am franséische Radiosender France Inter verbuede waren.
Frankräich an der Nokrichszäit ass nach staark un d'kathoulesch Kierch gebonnen: et gëtt sech vill bestuet an et gi vill Kanner gemaach. D'Onofhängegkeetsbeweegung an Algerien zitt dozou och nach vill jonk Fransousen an de Krich - dacks géint hire Wellen.
Déi Jonk verstoppen also d'Vinyle vum Brassens ënner dem Këssen a lauschteren heemlech Lidder wéi "Le Pornographe".
Eng Revolutioun fir d'Musek
De Georges Brassens war net nëmmen e gesellschaftleche Rebell, mee hien huet och d'Musek revolutionéiert. An de 50er Joren ass et net üüblech, datt e Sänger nëmme mat senger Gittar op d'Bün geet, ouni Begleedung.
An de Paräisser Cabarete gëtt virun allem Jazz Manouche gespillt, douce Pianostéin begleeden de Gesang vun de Sängerinnen a Sänger.
Déi sougenannte "Pompe Brassens", deen Umta-Umta, wou een oofwiesselnt d'Bass-Säit mam Daum an en Akkord mat Zeige-, Mëttel- a Rankfanger zupft, kléngt haut almoudesch, war deemools awer revolutionär.
Dem Georges Brassens seng Melodië klénge simpel, sinn awer trotzdeem komplex. A senge Lidder steet d'Poesie ëmmer am Virdergrond, d'Gittar am Hannergrond. Dachs reinterpretéiert de franséische Museker souguer Gedichter vun aner Poeten. Dat ass de Fall vu "Les Passantes", e Gedicht vum Antoine Pol aus dem Joer 1918.
D'Lidd "Les Passantes" huet virun dräi Joer eng kleng Renaissance erlieft, vu datt et vun der belscher Regisseurin Charlotte Abramow als Ode un de Feminismus reinterpretéiert gouf.
Eng grouss Inspiratiounsquell
De Georges Brassens inspiréiert nämlech bis haut vill Artisten - an net nëmmen am franséischsproochege Raum. Hien ass weltwäit deen am meeschte gecoverte franséische Kënschtler, wéi zum Beispill vum Fabrizio de Andrè.
De Georges Brassens huet seng Trace hannerlooss: an der franséischer Gesellschaft, sou wéi och an der moderner Musek, vergläichbar mat de Beatles.
Fir säi Centenaire ginn dowéinst zanter Wochen a senger Heemechtsstaat Sète, südëstlech vu Montpellier, an am 14. Arrondissement zu Paräis, wou hie gewunnt huet, eng Rei Concerten organiséiert - an Undenken un de wuel beléiftsten Anarchist a Frankräich.