Radioen

On air

Concert Euroradio  |  Tonnar & Urwald: Edmond!

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Zwou Koppelen, véier Vuen

Josiane Kartheiser - Déi nächst Etapp

Zwou Koppelen, véier Vuen

Wéi ergeet et den Elteren, wann hiert Kand oder Kanner dat wuelbehitt Nascht verloossen an net just an d'Ausland studéiere ginn, mee dann och nach decidéieren am Ausland ze bleiwen? D'Josiane Kartheiser erzielt an hirer Geschicht "Déi nächst Etapp" aus véier verschiddenen Perspektiven d'Gefiller a Gedanken vun den eenzelen Elterendeeler.

auto_stories

3 min

Zwou Koppelen, déi matenee befrënnt sinn, sëtzen zesumme beim Iessen. De Fils vun de Felten soll deen Owend aus Montpellier zeréckkommen. D'Felten, dat sinn de Fabien, 54 Joer al a Staatsbeamten, a seng Fra Rachel, 52 Joer al an Hausfra. De Ben, 28 Joer an Online-Journalist ze Montpellier, ass de Sujet vun de Gespréicher an Iwwerleeunge bei dësem Iessen, a gëtt dësen Owend doheem erwaart.

D'Mamm ass immens opgereegt: engersäits ka si et net erwaarden, datt de verluerene Fils endlech heem kënnt. Si kann et awer och net verstoen a verzeien, datt hien am Ausland bliwwen ass an do säin eegent Liewe mécht. Ouni hien huet hiert Liewen, wéi et schéngt, wéineg Sënn. De Papp huet eng aner Vue an ass zimmlech besuergt iwwer d'Onzefriddenheet vu senger Fra.

Déi zweet Koppel sinn d'Olivia Hansen, 52 Joer al a Sproocheproff, an hire Mann Noah, 53 Joer al an Educateur. Si hunn zwee Kanner, engersäits den Tom, deen a Kalifornien lieft a schafft, an anerersäits d'Duechter Mia, déi studéiert, am léifsten doheem ass an u sech och do wëllt bleiwen. D'Olivia an den Noah sinn awer éischter frou, wann d'Kanner aus dem Haus sinn, well si dann hir Dreem vu Reese realiséiere kënnen.

D'Olivia, den Noah an de Fabien sinn allen dräi ëm d'Rachel besuergt, well si net lassloosse kann an och "eng liicht Depressioun" wéinst der ganzer Situatioun huet.

Klischeeën iwwer Stacklëtzebuerger

En interessante Versuch, ee Sujet aus véier Perspektiven differenzéiert ze beliichten. Et kann natierlech och sinn, datt dëse Problem effektiv an enger guttsituéierter biergerlecher Famill, déi soss keng Suergen huet (ausser ob si een Haus an der Toskana kafe soll oder net), existéiert. Mee éierlech: who cares?

D'Autorin bedéngt sech hei sämtleche Klischeeën, déi een enger Stacklëtzebuerger Famill unhänke kann. Keng gesondheetlech a keng finanziell Suergen, keng Kanner, déi an iergend enger Form net perfekt gelonge sinn, keng Scheedung a keng Flemm am Bestietnis. Nee, et ass just dee Fils, deen ze Montpellier hänke bliwwen ass an do och nach schafft, amplaz doheem der Mamma e Liewensinhalt ze ginn.

Ginn et wierklech nach esou Leit zu Lëtzebuerg? Wann d'Geschicht an de 70er oder 80er Joren vum leschte Joerhonnert ugesat wier, da wier se wuel net méi interessant, awer op mannst méi glafwierdeg.

Et iwwerzeegt net

Oder wëllt d'Josiane Kartheiser hei e kritesche Bléck op esou Mënsche geheien, déi ënner enger vergëllter Kéisklack liewen a soss näischt vun der Welt matkréien, ausser hirem eegenen Nuebel? Sollt dat d'Absicht gewiescht sinn, sou kënnt se net eriwwer. An do rett dann och de Schluss vun der Geschicht net, dee wuel fir Iwwerraschung suerge soll, an awer och absolut iwwerlieft an trivial ass.

Et ass schued, well d'Josiane Katheiser huet e labberen Erzielstil, dee sech gutt fir Kuerzgeschichten eegent. D'Alice Munro verschafft an hire Short stories och Alldagsgeschichten, Banalitéiten, déi och d'Liewe schreift, mee do genéisst een den Humor, iwwerraschend Entwécklungen, Perspektiven, chronologesch Usätz. Et ass schued, well d'Josiane Kartheiser ka méi wéi sech un esou Banalitéiten - inhaltlech a stilistesch, ze verschwenden.