Radioen

On air

Notturno  |  New Order - Blue Monday (2020 Digital Master)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee Deeg op der documenta 14

Géigewaartskonscht

Zwee Deeg op der documenta 14

Net manner wéi 17 Curateuren hunn ënnert der kënschtlerescher Leedung vum Adam Szymczyk um Ausstellungsprogramm vun der documenta 14 geschafft. Eng "Weltausstellung der Kunst", déi net ëmmer hirem Usproch gerecht gëtt.

auto_stories

3 min

Am ganzen hat d'documenta 14 e Budget vu 37 Milliounen Euro. Et brauch een op d'mannst zwee Deeg fir alles kënnen, a ganz séierem Rhythmus, kucken ze goen. En Zweedagesticket kascht 38 Euro, an et ginn dës Kéier iwwert eng Millioun Visiteuren erwaart. Et dierft een also graff domadder rechnen, datt och dës documenta keen Defizit mécht.

D'documenta war schonn zu Athen an ass elo och zu Kassel. De Budget soll iwwregens hallef/hallef tëscht Athen a Kassel opgedeelt gi sinn. Zu Kassel spiert een awer vun dem enormen Ausstellungsbudget net méi vill.

Alles ass verschlësselt

Et ass näischt Aussergewéinleches, datt während den éischten Deeg vu sou enger grousser Ausstellung nach net alles funktionéiert. Op der Pressekonferenz gouf drop gehalen, datt d'documenta 14 déi bescht Ausstellung iwwerhaapt wier. E groussen Deel vum professionelle Publikum huet dowéinst dach e bëssen ongehale reagéiert, wéi op bal alle 37 Ausstellungplazen d'Nimm vun de Kënschtler komplett gefeelt hunn. Dobäi koum, datt d'Personal op der Plaz selwer net wousst, wéi ee Wierk iwwerhaapt vu wiem ass.

Dat soll elo net pedantesch klengen. Mä d'documenta ass déi Plaz, op där eigentlech eng Iddi eng Form sollt kréien. Eng vun de gréisste Géigewaartskonschtausstellunge mat enger enormer Renommée, mat där héchstens nach d'Konschtbiennale vu Venedeg konkurréiere kann.

Mä op der documenta 14 gouf et bis elo nëmme ganz wéineg Informatiounen zu de Wierker a Performancë selwer. Sou wéineg wéi den documenta Chef Adam Szymczyk selwer gesot huet, fënnt een an de verschiddenen offizielle Katalogen oder Ausstellungspläng. Alles ass iergendwéi verschlësselt a verweigert sech engem direkte Versteesdemech. Dat gehéiert wuel zum Konzept vum Adam Szymczyk dee seet: "Man kann die Welt alleine nicht mehr von Kassel aus erklären."

Regina José Galindo "Objective" 2017, Documenta 14 (Foto C. Mosar)

Konscht aus der Peripherie

D'documenta 14 weist Géigewaartskonscht aus der Peripherie an net aus dem Zentrum. Net Berlin, London oder New York, mä Valparaiso, Bangkok oder eben Athen sinn dës Kéier d'Plazen, vun deenen aus d'Konscht op Kassel importéiert gouf.

Méi dozou héiert Dir an der Emissioun "Brennpunkt Kultur" vum 14. Juni, vum Christian Mosar.

D'documenta 14 weist awer och Konscht, déi sech aller Recuperatioun an Instrumentaliséierung verweigere wëllt. Et geet nees ëm Dekoloniséierung a Gender-Politik, ëm Migrations- a Flüchtlingspolitik, an ëm Raubkunst. Et geet awer och ëm iwwert 165 Eenzelpositioune vu Kënschtler. Sou datt et guer net méiglech ass, e Resumé ze maachen.

E politescht Gesamtkonzept

Den Adam Szymczyk schreift a sengem Programmtext als Conclusioun: "Wir hoffen, dass die documenta 14 einer von vielen Schritten sein wird auf dem Weg in eine Welt, in der wir leben wollen. Auch wenn es nicht danach aussieht, als würde dise Welt zivilisiert, frei, wohlhabend, gesetzestreu, maßvoll und zurückhaltend sein."

D'documenta 14 ass awer och nees eng politesch Ausstellung. Oder si ass mëttlerweil vill méi e Politikum, dat selwer mat kënschtleresche Mëttel argumentéiert. Et ass e politescht Gesamtkonzept, dat am Mëttelpunkt steet. An net eng Ausstellung, déi och politesch Wierker weist.