Zum Doud vum Marc Olinger

De Marc Olinger ass dout. D'lëtzebuerger Theaterzeen verléiert mat him ee vun deene ganz Groussen, deen als Acteur, Regisseur, Direkter a virun allem Pionéier den Theater zu Lëtzebuerg wéi kaum een anere markéiert huet.

De Claude Mangen, Programmchef vum radio 1007, huet als Theatermënsch an Acteur mam Marc Olinger geschafft, an eisen Theaterredakter Jean Claude Majerus huet hien 2 Jorzéngte suivéiert. Déi zwee hunn den 9. Januar an engem Gespréich un de Marc Olinger erënnert.

 

De 5. Janur 2011, een Dag virum Acteur sengem 65. Gebuertsdag, hat de Jean-Claude Majerus sech mam Marc Olinger ënnerhal. Am Februar ass hien als Direkter vum Kapuzinertheater an d'Pensioun gaangen. Am Gespréich mécht hien ee Réckbléck op 25 Joer un der Spëtzt vun dësem Haus, a kuckt awer och no fir.

Lauschtert dësen Interview integral:

 

Ofgeschminkt ass e Monolog vum Jemp Schuster, deen de Marc Olinger Enn 2014 op diverse Plaze gespillt huet.

An dësem Stéck huet de Marc Olinger een eeleren Acteur op d’Bühn bruecht, dee sech no senger leschter Virstellung ofschminkt, an op den Theater an op säi Liewen zeréck kuckt.

Am Gespréich vum 20 Oktober 2014 goung et ëm dës Produktioun, awer och ëm den Theater am allgemengen. Lauschtert dee leschten Interview mam Marc Olinger:

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen