Zum Doud vum Kenzaburo Oe
Um Méinden huet eis d'Noriicht erreecht, datt de japanesche Schrëftsteller Kenzaburō Ōe schonn den 3. Mäerz am Alter vun 88 Joer gestuerwen ass. 1994 ass him de Literaturnobelpräis vergi ginn, well hien a sengem Wierk eng Welt erschaaft, an därer sech d'Liewen a Mythos zu engem dramateschem Bild vum Mënsch verdichten. Valerija Berdi mat engem Portrait.

De Kenzaburō Ōe ass an enger ländlecher Géigend opgewuess. Eng Plaz, wou Legenden a Mythen vill Raum hunn. An obwuel hien zimmlech jonk dëse Milieu verlooss huet, sinn déi al Geschichten ëmmer a seng Literatur op déi eng oder aner Manéier present.
No enger Rei Kuerzgeschichten an Erzielunge publizéiert hien 1958 säin éischte Roman "Reisst die Knospen ab". Eng Geschicht, déi sech am 2, Weltkrich ofspillt. Ee wichtege Sujet fir den Ōe. Hei geet et ëm Jugendlecher, déi probéieren an engem verloossenen Duerf ze iwwerliewen, bis d'Bewunner erëm kommen an et do mam Zesummeliewe guer net klappt. "Ich wollte von der Angst der Kinder schreiben, ihrer Angst vor der Natur und ihrer Angst vor dem Krieg", seet den Ōe iwwer dëst Wierk
Wou hien 1994 mam Literaturnobelpräis ausgezeechent gëtt, ass de Westen erstaunt. Dee Moment ass hien a Japan een immens bekannten an ëmstriddenen Auteur, am Weste praktesch onbekannt. Datt hie schonn 1966 mat 31 Joer e Band mat enger Gesamtausgab vun 2000 Säiten erausginn huet, war och am Westen onentdeckt bliwwen.
Hien huet ronn 25 Bicher publizéiert, dorënner och, ganz interessant, Korrespondenze mam Günter Grass. Den Ōe war vu villen europäesche Schrëftsteller faszinéiert: Pascal, Camus an de Sartre sollen hie beaflosst hunn. Hien huet och franséisch Literatur studéiert. Awer och de Grimmelshausen an de Goethe ware seng Virbiller. A wann et ëm d'Relatioun tëschent literarescher a gesellschaftspolitescher Bedeitung gaangen ass, do war dann den Thomas Mann vum Ōe genannt ginn.
Nieft der Literatur war awer dat politescht Engagement ee wichtegen Deel a sengem Liewen. 1963 ass hie Papp vun engem schwéierst behënnert Bouf ginn. Dat war net just en Ulass fir a senger Literatur vill méi Perséinleches anzebréngen, wéi am Roman : "Une affaire personnelle", mee och sech op d'Spuere vun den Affer vun Hiroshima ze maachen an den Iwwerliewenden hier Temoignagen am Buch "Notes de Hirishima" ze verschaffen.
Pazifisteschen Aktivist
De Kenzaburō Ōe war een aktive Pazifist, wat him eng Klo vum japanesche Militär abruecht huet, déi hien awer ofgewiert krut. Als iwwerzeegenden Demokrat huet hien och fir ee fatzege Skandal gesuergt: Kuerz nom Nobelpräis sollt de japanesche Keeser him eng Distinctioun iwwerreechen, déi de Kenzaburō Oé refuséiert huet, well hie keng aner Autoritéit, keng méi héich Valeur, wéi d'Demokratie géif unerkennen.
Den Ōe huet sech och no der Atomkatastroph vu Fukushima mat enger Organisatioun, déi hie geleet huet, vehement fir en Ausstig aus der Atomkraaft agesat.
A sengem leschte publizéierte Roman "Der nasse Tod" schreift hien dann iwwer säi Papp an deem säi mysteriéisen Doud am Joer 1945. A sengem Roman ass et dem Ōe säin Alter Ego, ee Schrëftsteller, deen a säin Heemechtsduerf geet. An enger rouder Wallis sinn Dokumenter, déi him hëllefe sollen, d'Geschicht vu sengem Papp ze verstoen. "Der nasse Tod" ass awer net just eng Sich an Erënnerungen, mee ee Roman iwwer Relatiounen tëscht Fils a Papp. A virun allem, wat dem Oé ganz wichteg war: doriwwer wéi Geschichtenerzielen heele kann...