Zukunftsmusek?
Wat de Bauer net kennt, dat lauschtert hien net." Sou oder ähnlech léist sech d’Programmatioun vun der Fête de la Musique resüméieren, déi dëse Samschdeg iwwerall uechter d’Land gefeiert gëtt. Dat fënnt den Yves Stephany jiddefalls a senger Kulturchronik
Lo geet etrem lass mam Summerprogramm. Fête de la musique am ganze Land. Nationalfeierdag, Rock um Knuedler, Blues an Jazz Rallye an e sëllechen aner Festivalen. Haaptsaach vill, Haaptsaach gratis an Haaptsaach Béier. D'Musek ass iergendwéi Niewesaach. Belanglos. "Grand Public" nennt een dat dann. Wéi wann de Grand Public näischt géif verdroen ausser “K's Choice” an d'”Harmonie Prince Guillaume”.
D'Iddi vun der Fête de la Musique war jo initial, dass jidderee soll kënne Musek maachen. Net Musek mat engem Thüringer am Grapp consomméieren. Vun där Ausganks-Iddi kéinte mir haut kaum méi wäit ewech sinn. Et kéint een zwar spontan mat der Troter an d'Strooss goen, mee et misst een dat awer am Viraus umellen, housch et um Bord vun der Presentatioun am Kulturministère. Mir wëssen alleguer wéi dat aus géif goen, wann ech e Samschdeg mam Akkordeon duerch d'Uewerstad géif trëppelen, an net am offizielle Programm vun der Manifestatioun ze fanne wär.
Dass de grousse Public sech och fir méi spannend Initiative ka begeeschteren hu leschte Weekend déi 7500 Visiteuren um Site vun de Rotonde bewisen. Jo, d'Gedrénks war bëssen deier fir dass wierklech jidderee sech ugeschwat gefillt hätt, a grad bei där Hëtzt huet ee jo och vill missen drénken. Awer fir mech war dat de Beweis, dass et geet. Dass een net ëmmer nees dee selwechte kale Kaffi muss opwiermen. Dass K's Choice an d'Anastasia sollen doheem an hirem wuelverdéngtene Mäerchepark mat hiren ale Placke Frisbee spillen. An dass de Public hongereg ass op nei Iddien. Op d'Musek vun haut an déi vu muer.
Sou laang wéi faul Artiste gebucht ginn, gëtt och faul Musek gelauschtert. Et ass d'Aufgab an d'Responsabilitéit vun de Programmateuren, fir innovativ ze sinn, fir sech ze trauen Neies ze bidden. Och mol kënne Kritik anzestieche vun engem, deem et net gefall huet. A virun allem d'Leit net fir domm ze halen. Wa keen hinne weist, wat interessant ass, kënne si et och net kenne léieren.
An d'Fête de la Musique muss endlech dee partizipativen Esprit kréien, dee se verdéngt huet. D'Rockhal keeft eng zimlech gutt Aarbecht fir d'”24h electro for kids” an: Interaktiv Installatiounen un deene Kanner vun 3 Joer u kënne selwer sampelen, Sequenze bastelen oder mat Effekter spillen. Sou oder ähnlech Initiative ginn et sécher och am méi groussen. Den Institut de Chant Choral, kuerz Inecc, invitéiert ëmmer nees fir mat ze sangen. Vläicht op eng bëssen altbacken Manéier, mee ëmmerhin. Däers brauch ee méi. Souwuel fir Kanner, wéi och fir Grousser. Well zesumme Musek maachen ass nach vill méi schéin, wéi zesumme Musek lauschteren.
Wa Lëtzebuerg nach keng innovativ politesch Decisioune kann huelen, kéint een et jo mol mat der Kultur probéieren. Déi mécht Dieren op. Virun allem déi am Kapp.