Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zeechnen nom Attentat

Coco - Dessiner encore

Zeechnen nom Attentat

D'Terroristen als schwaarz Geeschter, Wellen als Verdrängung, Flucht vun der Realitéit. Mat senger origineller Billersprooch a perséinlechem Bléckwénkel ass Dessiner encore vum Coco fir de Jeff Thoss e Schlësselwierk, wann et ëm d'Beschäftegung mam Attentat op Charlie Hebdo geet.

auto_stories

2 min

D'Corinne Rey, alias Coco, ass eng vun de Charlie Hebdo-Zeechnerinnen, dat d'Attentat op d'Redaktioun vum 7. Januar 2015 iwwerlieft huet. An der BD Dessiner encore huet et dës Erliefnisser verschafft. Et ass eng klassesch Trauma-Erzielung, an där déi traumatesch Evenementer am Ufank just als Lacune present sinn. D'Coco erzielt vun Therapien, un déi et net wierklech gleeft, a gräift soss vill op Metapheren a Symboler zréck.

Iwwerwältegend Wellen a schwaarz Geeschter

Wellen an Tauche sinn zentral Motiver vun der BD, déi sech op verschidden Aart a Weisen deite loossen, als Iwwerwältegtginn vun der Erënnerungen, als hir Verdrängung, oder och als Flucht. Et ass eng raffinéiert a staark Billersprooch, déi d'Coco entwéckelt, fir seng Erfarungen duerzestellen, och wat d'Koloratioun mat hiren ambivalente monochrome Flächen ubelaangt.

Nom éischten Drëttel fänkt d'Zeechnerin un, d'Evenementer vum 7. Januar 2015 aus senger Erënnerung ze rekonstruéieren, och hei mat markante Metapheren.

Esou ginn d'Terroriste just als schwaarz Geeschter gewisen. Iwwer déi intensiv, bal obsessiv Passagen iwwer d'Renconter mat de Gebridder Kouachi an der Trap vum Charlie Hebdo-Gebai entwéckelt d'Coco an der BD e neie Rapport zum Attentat, deen et him erlaabt, och d'ganz Virgeschicht vum Karikaturesträit an Erënnerungen u seng verstuerwe Kolleege mat eranzebréngen. Doraus hëlt d'Zeechnerin dann och d'Kraaft, fir dat ze maachen, wat den Titel schonn annoncéiert: nach ëmmer ze zeechnen, weiderzezeechnen.

Mat senger originell Billersprooch a sengem ganz perséinlech, mee ni voyeuristesche Bléckwénkel ass Dessiner encore ass ouni Zweiwel eng absolut gelonge BD an e Schlësselwierk, wann et ëm d'Beschäftegung mam Attentat op Charlie Hebdo geet.