Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi d'Lëtzebuerger Exilregierung d'Demokratie "entdeckt" hat

Geschicht

Wéi d'Lëtzebuerger Exilregierung d'Demokratie "entdeckt" hat

Wärend dem Zweete Weltkrich war d'Argument vun der Demokratie nëmmen no an no an d'Rechtfertegungsrhetorik vun der Exilregierung agefloss. Wéi a firwat, dat analyséiert den André Linden a sengem Buch "Luxemburgs Exilregierung und die Entdeckung des Demokratiebegriffs" (Capybarabooks/forum).

auto_stories

5 min

Eréischt als Rentner huet de geléierte Philosoph a Germanist André Linden d'Fach Geschicht fir sech entdeckt. A senger Masteraarbecht, déi och elo a Buchform virläit, huet de jonken Historiker sech mat der Rhetorik vun der Lëtzebuerger Exilregierung am Laf vum Zweete Weltkrich befaasst.

Dem André Linden ass opgefall, datt de Begrëff "Demokratie" net vun Ufank un an de Riede vun de Ministeren, respektiv der Grande-Duchesse virkomm war:

"Et geet natierlech iwwerhaapt net drëm, datt si guer net gewosst hätten, datt et dat gëtt, an et op eemol entdeckt hätten. Villméi hu se op eemol entdeckt, datt si sech mat Referenz op d'Demokratie ganz anescht kënnen duerstellen, besser duerstellen, an datt si da besser do stinn."

E Problem vun aussepolitescher Duerstellung

Datt d'Grande-Duchesse Marie-Adelheid wärend dem Eischte Weltkrich mam däitsche Keeserräich praktesch kollaboréiert hat, an datt zu Lëtzebuerg ënnert anerem mat groussherzogleche Reglementer Politik bedriwwe gëtt, verdréit sech net esou gutt mat engem demokrateschen Image - däers war sech d'Exilregierung duerchaus bewosst, wéi den André Linden a sengem Buch ervir hieft.

Zwar stoung d'Exilregierung och vu Lëtzebuerg aus ënner Drock: De Premier Pierre Dupong, den Ausseminister Joseph Bech, den Aarbechtsminister Pierre Krier an de Justizminister Victor Bodson ware vu villen hei heem zur Demissioun opgeruff ginn, wärend d'Grande-Duchesse opgefuerdert gi war, zeréck op Lëtzebuerg ze kommen:

"Awer hire Problem war virun allem een aussepolitesche Problem. Si hu sech missten an där Staategemeinschaft behaapten, positionéieren an do unerkannt ginn. Et däerf een net vergiessen, datt et déi Zäit Diskussioune gouf ënner Journalisten, 'opinion makers' a Politologen, déi gesot hunn: mir mussen dat ganzt Staatewiesen duerno souwisou nei organiséieren, déi kleng Staate schafe mer am beschten of."

D'Entwécklung vun der Rhetorik

D'Argumentatioun, mat där d'Existenzrecht vum klenge Staat sollt legitiméiert ginn, war am Ufank eng formaljuristesch, erkläert den André Linden:

"Am Ufank geet et ëm Fräiheet. Mir si besat a wëllen erëm d'Fräiheet vun eisem Territoire hunn. Mir wëllen eis Institutiounen zeréck hunn, mir wëllen eis Souveränitéit zeréck hunn. Do ass nach net vun Demokratie rieds."

D'Thema vun der Demokratie wier der Exilregierung scho fréi bekannt gewiescht. Dat kéint een, dem André Linden no, och noweisen:

"Firwat hu se dat Thema net schonn éischter benotzt? Dat hänkt mat der Neutralitéit zesummen. Hir Iddi ass déi : mir mussen dat sou laang wéi méiglech soen, well et kéint jo sinn, datt d'Englänner verléieren, datt déi Däitsch déi nei Häre sinn, an da kéinte mer awer vläicht zu deene soen: mir waren neutral - obwuel dat ganz onrealistesch war: et war hinne scho reprochéiert ginn, si hätten d'Neutralitéit gebrach...

Wa se awer ufänken ze soen: nee, mir stinn an der Opfergemeinschaft, an der Kampfgemeinschaft mat deenen aneren, da kënnen se gemeinsam Valeuren an d'Feld féieren, an eng zentral Valeur ass Demokratie."

Den Afloss vun den USA an d'Faszinatioun fir "royals"

Datt den Demokratie-Begrëff dann awer lues a lues an den ëffentleche Riede vun der Exilregierung agefloss war, wier zu engem groussen Deel op déi deemoleg Rhetorik vun de Vereenegte Staaten zeréckzeféieren:

"Si héieren déi Rieden, lauschteren deene Rieden no, wou de Roosevelt seet, d'USA mussen d'Waffenkammer vun der Demokratie ('arsenal of democracy') ginn. Den amerikanesche President huet de Problem, datt hien e groussen Deel vu senger Populatioun muss iwwerzeegen, d'Neutralitéit opzeginn an an de Krich anzetrieden. An den éischte Schrëtt ass: mir kämpfen zwar net selwer, mee mir sinn d'Waffenkammer vun der Demokratie."

Am amerikanesche President Roosevelt senger interventionistescher Propaganda sollt och Lëtzebuerg, méi genee d'Grande-Duchesse Charlotte eng Roll spillen, sou den André Linden. D'Exilregierung hätt d'Kaart vun der Monarchie och voll ausgenotzt:

"Wat wierklech eng ganz grouss Roll gespillt huet, dat ass wéi si an den USA gekuckt gi sinn. Déi 'royals' waren eng Kuriositéit an den USA. Déi amerikanesch Press gräift dat op. Bei der éischter Visitt vun der Grande-Duchesse am Wäissen Haus gëtt d'Eleanor Roosevelt hir d'Hand, d'Press schreift da vun engem 'democratic handshake'. Wat elo wichteg ass: d'Lëtzebuerger mierken, datt dat ukënnt."

Demokratie, och eng innepolitesch Bedeitung

Huet d'Rhetorik vun der Demokratie och an de Messagen un d'Lëtzebuerger Populatioun eng Roll gespillt?

"An der Kommunikatioun op Lëtzebuerg ass et virun allem d'Fräiheet an d'Souveränitéit. Obwuel: et gesäit een eng schéin Evolutioun tëschent September an Dezember 1940. Am September heescht et nach: mir stinn alleguer gëeent ronderëm den Troun a kämpfe fir d'Fräiheet vum Land.

De Staatschef Pierre Dupong seet dann awer a senger Ried am Dezember - eng ganz remarquabel Formule: 'fir d'Fräiheet vum Land a fir d'Fräiheet vu jiddwer eenzelem'. Do hutt der op eemol eng Engführung vum Thema, do kënnt dann dat Soziaalt eran. Si soen: eise Bilan ass gutt. Firwat? Wann e Staat e Recht huet, ze bestoen, muss e seng Flichten no baussen erfëllen (keen Unruhestifter op der internationaler Bün sinn a gutt matschaffen), mee och seng Flichten no bannen."

Et stellt sech natierlech d'Fro, wéi eescht d'Exilregierung d'Demokratie wierklech geholl hat. Un der demokratescher Gesënnung vun engem Joseph Bech, beispillsweis, kann een zweiwelen, wann een u säi gescheitert Maulkuerfgesetz kuerz virum Krich zeréckdenkt... Dozou den André Linden:

"Ech mengen, et muss een op d'mannst d'Hypothees zouloossen, datt do e Léierprozess war. Et ass vläicht op där enger Säit e bësse kuerz gegraff, wann een elo Figuren, Konstellatiounen aus der Zäit vum Maulkuerfgesetz riicht iwwerdréit. Obwuel: op der anerer Säit haten si selwer Flashback-Momenter dovunner. Et gëtt eng Plaz wou de Joseph Bech un de Pierre Dupong schreift: de Krier reprochéiert mer nach ëmmer déi Saache vun deemools."

Um Enn vu sengem Buch stellt den André Linden d'Fro an de Raum, wéi sech déi demokratesch Rhetorik op d'Nokrichspolitik ausgewierkt hat. Déi Fro wier awer an enger getrennter Etüd z'analyséieren.


Lauschtert de ganzen Interview mam André Linden:

Lauschterenplay_arrow