Paräisser Oper Wat bleift, wann de Publik feelt?

D'Opéra Nationale de Paris ass eng vun de prestigiéise Kulturinstitutiounen a Frankräich. Wéinst der Coronapandemie ass d'Oper allerdéngs schonn zanter iwwer engem Joer zou. D'Kënschtler prouwen weider, wéi wann d'Oper all Moment nees opmaache géing. Dee Stop and Go ass op Dauer schwéier ze verkraaften. Wat bleift de Kënschtler vun de Paräisser Operen, wann de Publik feelt?

Léonardo Kahn / Lena Couffin / tt

An der Oper zu Paräis
An der Oper zu Paräis. Foto: Léonardo Kahn

Opéra de Bastille, 8. Stack: Vum Direkter Alexander Neef sengem Büro gesäit een iwwer ganz Paräis: den Eiffeltuerm, den Arc de Triomphe an d'Sail op der Place de la Bastille:

"Unsere Künstler wollen proben, sie wollen spielen. Natürlich ist die Tatsache, dass man kein Publikum empfangen kann sehr sehr schwierig."

Den Direkter aus Baden-Württemberg kuckt wärend dem Gespréich aus der Fënster. Op der Plaz virun der Oper gëtt reegelméisseg demonstréiert. An de leschte Méint och oft géint d'Kris am Kulturberäich.

Déi eenzeg Méiglechkeet, siichtbar ze bleiwen

Och d'Opéra nationale de Paris bleift vun de Restriktioune kaum verschount. Déi lescht regulär Virstellung mat Publik ass ee Joer hier. Den Alexander Neef:

"Auch wenn man natürlich, wenn man aufzeichnet für ein Streaming, man spielt dann keine Serie von 10, 12, 15 oder zwanzig Vorstellungen, sondern man macht es einmal. Das heißt die ganzen Probenarbeit für ein oder zwei Daten, wo dann aufgezeichnet wird ist viel Arbeit. Aber ich glaube die Mitarbeiter des Hauses sind sehr motiviert. Auch weil sie wissen, dass es die einzige Möglichkeit für uns ist, noch sichtbar zu bleiben."

Den Alexander Neef huet säin Amt eréischt virun e puer Méint ugetrueden - matzen an der Kris. Och wann aus senger Siicht d'Mataarbechter zouversiichtlech an d'Zukunft blécken - net jidderee gesäit dat esou.

De Christophe Vella, Tambalier am Orchester, verspiert eng gewësse Frustratioun. A net nëmme bei sech selwer. Permanent fir Concerte prouwen ze mussen, déi am Enn trotzdeem ofgesot ginn - dat gëtt mat der Zäit fir jiddereen ustrengend:

"C'est vrai que les gens ont une certaine lassitude, parce que bon maintenant ça fait un an que nous sommes dans cette crise. Ce qui est très frustrant et surtout à long terme, c'est qu'on n'a aucune visibilité sur ce qu'il peut se passer dans l'avenir."

Den Ensembel steet ëmmer bereet. Jiddereen huet d'Hoffnung, datt d'Dieren vun der Oper fréier oder spéider villäicht e Spléck wäit op ginn an éischt Spectateuren eran dierfen. Bis haut ouni Chance.

De Christophe Vella. Foto: Léonardo Kahn

Trotz niddereger Gefor bleiwen d'Dieren zou

Ass den Infektiounsrisiko wierklech esou héich? Zu Lëtzebuerg hunn d'Theateren zanter Januar op. Och an der Paräisser Oper konnt an der Zäit, wou se am Summer ophaten, keng Cluster-Formatioun nogewise ginn.

Den Direkter hält och haut d'Infektiounsgefor fir immens geréng. D'Hygiènes-Moossname wieren hei immens streng. Mee dat ännert näischt un der Entscheedung vum Staat: D'Opere bleiwen zou.

D'Paräisser Opere gi vum Kulturministère finanzéiert. Awer hei geet et net ëm materiell Existenz. D'Kënschtler stelle sech stänneg a Fro, esou de Museker Christophe Vella:

"Est ce qu'on est musicien parce qu'on joue d'un instrument, est-ce qu'on est musiciens parce qu'on joue devant un public, est-ce qu'on est un musicien parce qu'on joue avec d'autres personnes? Je me suis posé des questions effectivement. Mais pour moi la musique, c'est vivre et je me suis rendu compte à quel point ça me serait difficile de me passer de musique, ça me serait même impossible."

De 56 Joer ale Paukist freet sech, ob hien dann net méi wier wéi e simpele Saltimbanque.

Kënschtler stelle sech a Fro

Si Museker dann net systemrelevant? Esou Gedanke schueden dem Selbstwäertgefill. An net nëmmen de Museker vun der Paräisser Oper. Den Dänzer geet et kaum besser.
D'Danz-Direktesch Aurélie Dupont - selwer fréier eng berüümt Primaballerina - weess, wéi engem Drock d'Dänzer ausgesat sinn. Direkt schonn am éischte Confinement huet si eng psychologesch Betreiung fir se agefouert an huet jiddwer eenzele vun den 154 Dänzer ugeruff, fir ze kucken, wéi et hinne geet. Mëttlerweil kennen se ëmmerhin zesumme prouwen. D'Gruppegefill ass alles am Ballet.

De Matthieu Botto. Foto: Léonardo Kahn

Fir den Dänzer Matthieu Botto ass d'Lag net grad esou düster. Zanter 15 Joer ass hie Member vun der Paräisser Oper. Hien huet seng fest Plaz an der Danzwelt. Fir déi jénger Memberen ass d'Pandemie wesentlech méi penibel.

"Notre vie, notre passion c'est la danse, et de ne pas pouvoir le partager c'est... et surtout qu'une carrière de danseur, c'est jusqu'à 42 ans, c'est très court en fait. Donc de perdre un an, comme ça, là déjà ça fait un an on sait pas après jusqu'où ça ira, mais un an en fait on le rattrape pas quoi. Donc quand on est jeune et quand on a envie de montrer ce qu'on sait faire, c'est compliqué, psychologiquement oui c'est compliqué."

Trotzdeem: am Vergläich mam Perkussionist Christophe Vella, sinn d'Dänzer e bëssi méi optimistesch. Et géing e bal mengen, dat si fir esou Noutstänn besser virbereet sinn, wéi anerer.

Wien een och an der Opéra de Paris freet: d'Kënschtler sinn sech eens. D'Kris huet bewisen, wat fir eng wichteg Plaz d'Kultur an der Gesellschaft huet. Fir de Balletsdänzer Matthieu Botto ass Konscht villäicht net esou liewesnoutwenneg wéi Gromperen - mee Nahrung fir d'Séil:

"Il y a des gens qui vont dire (l'art) c'est pas vital c'est pas comme la pomme de terre, effectivement voilà mais c'est vital pour l'âme quoi. Sinon c'est métro-boulot-dodo et puis on s'évade jamais enfaite. Et l'art c'est aussi une manière de cultiver l'esprit."

D'Reouverture war offiziell fir Ouschtere geplangt. Mee wéinst dem neie Confinement zu Paräis gouf déi elo op Ufank Mee verluecht.

Nees Prouwen d'Kënschtler, ouni Publik an ouni Applaus.

Méi zum Thema

Menstruatiounsproduiten Kommentar
Frankräich

Déi franséisch Regierung huet eng nei Moossnam fir Studentinnen annoncéiert: vun der nächster Rentrée u sollen op den Unie gratis Hygiènesproduite verdeelt ginn. E wichtege Schrëtt a Richtung Gläichberechtegung.

French Cancan
Frankräich

Ob Moulin Rouge oder Paradis Latin, d'Paräisser Cabarete zéien Touristen aus aller Welt un. Recetten, déi zanter dem Ufank vun der Corona-Pandemie feelen. Ass dat d'Enn vum French Cancan?

Programm

Net verpassen

  • Annonce: Recherche d'un chef de la programmation

    Gebai vum radio 100,7

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche 1 chef de la programmation (m/f) pour contrat à durée indéterminée et à temps plein.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen