Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Great Good Fine Ok - Breathing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wann et an der Kultur net méi blëtzt ...

Philosophie

Wann et an der Kultur net méi blëtzt ...

D'Form gëtt an eiser Kultur vernoléissegt, fënnt den éisträichesche Philosoph Robert Pfaller. Zum Beispill wann Héiflechkeet als Zoumuddung ëmfonnt gëtt, Konschtwierker net méi sinn, wéi d'Illustratioun vum Ausstellungskatalog, a wa Schéinheetsoperatiounen doranner bestinn ze eliminéieren, wat Anerer kéint stéieren. Dës "Formvergessenheit" ass allerdéngs den Ausdrock vun engem méi déiwe Malaise, deen de Pfaller a sengem Buch ''Die blitzenden Waffen. Über die Macht der Form'' (S. Fischer Verlag) diagnostizéiert.

auto_stories

4 min

Virun aacht Joer hat hie sech mat sengem Buch ''Wofür es sich zu leben lohnt'' en Numm gemaach. De Robert Pfaller, Joergang 1962, huet zanter iwwer 20 Joer eng materialistesch Philosophie begrënnt, gestäipt op Marxiste wéi de Louis Althusser, op Kulturtheoretiker wéi de Johann Huizinga, op de kritesche Soziolog Pierre Bourdieu, an zu engem groussen Deel op Psychanalysten. Auteure wéi Jacques Lacan, Octave Mannoni oder nach Slavoj Zizek gi vun him reegelméisseg zitéiert.

Dem Pfaller säin neit Buch ''Die blitzenden Waffen. Über die Macht der Form'' (S. Fischer Verlag) ass e Plädoyer fir d'Form am allgemengen, fir Äusserlechkeeten, déi a sengen Aen déifgrënneg Ugeleeënheete sinn, déi wäit méi bedeite wéi nëmme reng Iwwerfläch.

E pointéierte Witz, eng brillant formuléiert Ausso, enger friemer Persoun d'Dier ophalen: alles dat léisst sech ënner dem Begrëff ''Form'' zesummefaassen, also souzesoen déi extern Kleedung vun engem Inhalt. Fir de Robert Pfaller ass d'Form net onbedéngt manner wäert wéi de Fong. D'Manéier, wéi d'Wiese vun enger Saach sech no baussen hin ze erkenne gëtt, ass heiansdo esouguer méi wichteg.

"Formvergessenheit" an der Konscht

Dat gëllt besonnesch fir d'Konscht, dem Beräich par excellence, an deem et Joerhonnerte laang manner ëm déi duergestallte Saach selwer goung, wéi ëm d'Aart a Weis, wéi se duergestallt gouf. Dohier d'Iddi vun der Konscht als Selbstzweck. Hir politesch Sprengkraaft konnt doranner bestoen, datt si de Mënsche bewosst gemaach huet, datt och si e Selbstzweck sinn a sech net sollen instrumentaliséiere loossen.

Allerdéngs ass déi Opfaassung vu kënschtlereschem Schafen an deene leschte Joerzéngten ëmmer méi vernoléissegt ginn, stellt de Pfaller fest. Esou ginn an der zäitgenëssescher Konscht gréisstendeels Artiste gefërdert, deene manner un der Ausdrocksweis läit wéi un der Vermëttlung vu politesche Messagen, wann net esouguer der Produktioun vun Theorie. Dat heescht, si schafen eng Konscht, déi - fir et mam Pfaller ze soen - gutt gemengt amplaz gutt gemaach ass. Dat hätt eng paradox Konsequenz: d'Entpolitiséierung vun der Konscht.

Flott an op de Punkt bruecht

D'Wichtegkeet vun der Form ass besonnesch a Beräicher frappant, déi een normalerweis net mat ästheetesche Krittären a Verbindung bréngt. Zum Beispill an der Wëssenschaft. An awer wier esou munch wëssenschaftlech Erkenntnes net méiglech, wann hir Haaptausso net flott formuléiert an op de Punkt bruecht wier.

Och hei gëllt, esou de Pfaller, dat wat schonn de réimesche Rhetoriker Quintilian de Riedner mat op de Wee ginn hat: ''Der Redner muss nicht nur mit scharfen Waffen kämpfen, sondern auch mit blitzenden.''

Gesellegkeet geet verluer

An der Ëffentlechkeet héiflech sinn, Charme beweisen, sech witzeg ausdrécken, sech opfälleg a firwat net och verréckt kleeden ... Alles dat si Forme vun der Gesellegkeet, déi an der ''finsteren Postmoderne'' ëmmer méi a Verruff gerode sinn, bedauert de Wiener Philosoph. Dat géif sech duerch d'Tendenz hin zur Privatiséierung vum ëffentleche Raum erklären, déi sech déi lescht 20, 30 Joer am Kontext vun der neoliberaler Ëmverdeelungspolitik entwéckelt huet.

Verhalensweisen, déi op iergend eng Manéier als eng Belästegung kéinten empfonnt ginn, wieren ëmmer manner toleréiert. An der Gesellschaft eng Mask droen - eng Mask am iwwerdroene Sënn -, also eng Roll spillen, eng Fiktioun oprecht erhalen, déi Erwuessener a Wierklechkeet souwisou duerchkucken: all dës Acquise vun der Zivilisatioun hätt een an eise kapitalistesche Gesellschafte verléiert. Ugesot wier dogéint den Zwang fir sech ouni Ambivalenz ze presentéieren, esou wéi ee wierklech ass - oder vill méi, wéi ee mengt ze sinn.

''Die Formen sind das solidarische Element in der Kultur'', schreift de Robert Pfaller. A weider:

''Sie ermöglichen es unterschiedlichen Menschen, ihre jeweiligen Besonderheiten in gleicher Weise hinter sich zu lassen und in Austausch miteinander zu treten.''

Wat duerch déi sougenannte ''Formvergessenheit'' verluer geet, ass weider näischt wéi de gemeinsame Raum, an deem en ziviliséiert Zesummeliewe kann iwwer d'Bün lafen. Domat hätt de Robert Pfaller eng vun den Ursaache vum luese gesellschaftlechen Zerbréckelen opgedeckt. ''Die blitzenden Waffen. Über die Macht der Form'' ass esou passionant wéi all déi aner Bicher vum Pfaller, grad well et och an hinne permanent blëtzt.