Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wann d'Verfassung net méi géint Nazie schützt

Netflix

Wann d'Verfassung net méi géint Nazie schützt

Wéi soll a kann ee géint Rietsextremismus virgoen? Déi Fro stellt den däitsche Film "Und morgen die ganze Welt" via de Parcours vun enger zimmlech verluerener Studentin aus guddem Haus.

auto_stories

3 min

D'Luisa ass eng Droitsstudentin, déi sech géint Rietsextremismus wëll engagéieren. Duerch d'Vermëttlung vu senger Frëndin Batte gëtt d'Luisa zu Mannheim an enger antifaschistescher Wunngemeinschaft opgeholl. Do léiert et den Alfa kennen, en dynamesche Militant, dee sech net méi domadder zefridde gëtt, eleng mat Géigendemonstratioune géint d'Nazie virzegoen.

Elo heescht et: d'Faschoen op d'Schnëss schloen! Ass jo schéin a gutt. Mee wann op eemol Sprengstoff mat an d'Spill kënnt, kéint dat alles vläicht eng Nummer ze grouss ginn...

Déi konstant staark Walresultater vun der riets-nationaler AFD, déi noweislech Sympathië fir faschistoïd Gedankegutt bei Police an Arméi, rietsextreemistesch Morden an Terrorismus... De rietse politesche Spektrum entwéckelt sech an Däitschland zu engem ëmmer méi grousse Probleem, eppes wat esouguer déi däitsch Regierung a leschter Zäit net méi konnt ignoréieren.

Aus dem Bléckwénkel vun den Antifa

De politeschen Drama ''Und morgen die ganze Welt'' beschäftegt sech elo manner mat den Aktivitéite vun Neonazien. Am Virdergrond steet di sougenannten Antifa-Beweegung an d'Fro, wéi ee Widderstand géint Rietsextremismus soll oder ka leeschten. D'Realisatrice Julia von Heinz, Joergang 1976, weess vu wat se schwätzt. Si war selwer an den 90er Joren an deem lénksradikale Milieu aktiv - déi Militantekarriär hat e Joerzéngt gedauert. De Personnage vun der Luisa, gespillt vun der Mala Emde, dierft wuel hiren Alter ego sinn.

Déi éischter méi zréckhalend jonk Fra mierkt wärend hirem Studium, datt déi verfassungsrechtlech Garantië géint déi reell riets Gefor fir d'Demokratie nëmme reng Theorie sinn. Mee wat maachen? D'Heft an d'Hand huelen, dat heescht mat Géigegewalt reagéieren?

Wat maachen?

Dat erënnert e bëssen un d'Situatioun vun der däitscher Studentebeweegung Enn de 60er-Uganks 70er Joren, wéi eng Minoritéit de Wee vum lénksradikalen Terrorismus am Kampf géint de kapitalistesche Staat ageschloen hat. Déi Geschicht an hir Lektioune ginn am Film awer net ugeschnidden.

Historesche Recul bitt hei héchstens en Ex-Militant (Andreas Lust), dee säi Soll an den 90er Joren am Kampf géint d'Glatzkäpp erfëllt hat an no engem Prisongsopenthalt zur Konklusioun komm ass: wann s de bis all d'Nazie gebeetscht hues, muss de erëm vu vir ufänken...

D'Luisa pendelt tëschent engersäits dem Maximalist Alfa (Noah Saavedra), deen net vir näischt esou heescht an an deen et verléift ass ; anerersäits dem virsiichtege Lenor (Tonio Schneider), dee léiwer emol direkt e Gang erofschalte géif. D'Frëndin Batte gëtt sech hirersäits mat der alternativer Wunngemeinschaft zefridden an huet dowéinst wäit manner Afloss.

Motivatioune bleiwen an der Däischtert

Mee wat dreift d'Luisa eigentlech un? Politesch Grondsazdiskussiounen, déi engem wéinstens Abléck an d'Gedankewelt an d'Motivatioune vun de Personnage géif ginn, gëtt et am Film keng. Ass et de Widdersproch tëschent Ideal a sozialen Originnen ? Wann déi vegan Komerode wéissten, datt d'Studentin aus adelegem Haus no der Sonndesjuegd den Huesen de Pelz iwwer d'Oueren zitt, da géif hinne wuel den Tofu sauer eropstoussen...

D'Luisa schéngt einfach total verluer ze sinn, léisst sech vun den Emotiounen iwwerwältegen. Mir si wäit ewech vun der zolitter Militantin, déi weess, wat se wëll.

A wa souguer de coolen Dropgänger Alfa sech muss virwerfe loossen, datt en heemlech a schéi brav een Examen no deem anere packt, da seet ee sech, datt dat Ganzt awer net esou eescht ka sinn, an datt d'Zäit vum radikalen Aktivismus iergendwa vum selwe wäert vergoen... Dat ass op d'mannst emol de Message, deen de Film vermëttelt - bis virun déi allerlescht Zeen.